De Sportler vum Joer am Portrait
A verschiddene Situatioune bleift de Mond engem opstoen, wann ee gesäit, wat den Tom Habscheid trotz senger Behënnerung alles fäerdegbréngt.
Den Tom Habscheid huet déi 6 Kilogramm schwéier Kugel mat enger 100 Kilo schwéierer getosch. Wärend 3 Joer laang hat den Tom Habscheid beim Strongman trainéiert, ier d'Preparatioun fir d'Paralympics zu Paräis ugefaangen haten. Elo ass den 38 Joer alen Athlet erëm zréck bei senge Kolleege mat enger Bronzemedail, dem Titel vum Sportler vum Joer an als Ambassadeur vun der Inclusioun vu Mënsche mat enger Behënnerung. Dat ass mat neie Responsabilitéite verbonnen.
De populären Erfolleg vun de Paralympics zu Paräis huet ganz gewëss derzou bäigedroen, d'Onsécherheet ofzebauen, déi vill Mënschen par rapport zu Behënnerung empfannen. Et bleift awer nach vill Spillraum.
Wann ee gesäit, wéi de Familljepapp mat onhandleche Säck ëmgeet, déi tëschent 40 an 80 kg weien, da kënnt ee kaum nach op de Gedanken, dass den Tom Habscheid Hëllef beim Droe vun Tute bräicht. De Strongman ass, genau esou wéi d'Bommstoussen, eng Passioun fir den Tom Habscheid a periodesch participéiert hien u Kompetitiounen am Ausland. De Sportler vum Joer straalt duerch säin authentescht a sympathesch Wiesen Optimismus aus.