Union Berlin trennt sech vum Trainer Bo Svensson

© AFP
Den Dän souz eréischt zanter dem Summer op der Trainerbänk bei Union Berlin.
De Futtball-Bundesligist Union Berlin huet op d'Serie un negative Resultater reagéiert a sech vum Trainer Bo Svensson getrennt. Den Dän a säin Trainer-Team goufen e Freideg fräigestallt. Eng Decisioun, wien d'Ekipp vum Trainingsoptakt (2. Januar) un iwwerhëlt, géif an den nächsten Deeg getraff ginn, sou de Veräin an enger Matdeelung.
De Svensson hat am Summer d'Relève vum Nenad Bjelica geholl, vun deem sech Union am Mee getrennt hat. No engem gudde Start an d'Saison ass een zanter Wochen an engem Déif. Zanter néng Flichtmatcher ass Union ouni Victoire a läit an der Bundesliga mat 17 Punkten op Plaz zwielef.