Am leschten Training fir d'Weltcup-Descente zu Bormio an Italien ass de Fransous schwéier gefall.

Den 30 Joer ale Gewënner vun zejoert gouf e Freideg am ënneschten Deel vun der berüchtegter Pist "Stelvio" vun enger Well ausgehuewen, ass aus ronn dräi Meter Héicht op déi haart Pist gefall a gouf vun de Sécherheetsnetzer gestoppt. De Cyprien Sarrazin war no senger Chute déi ganzen Zäit uspriechbar a gouf mam Rettungshelikopter an d'Spidol geflunn. Den Training hat wéinst diverse Chutten e puer Mol missen ënnerbrach ginn.

De franséische Schiverband (FFS) hat schonn e Freideg am spéiden Nomëtteg matgedeelt, datt sech de Fransous duerch d'Chute e subduraalt Hematom am Kapp zougezunn hätt. Nach e Freideg den Owend gouf hie wéinst der Bluddung operéiert.

Um Samschdeg de Moien huet de franséische Schiverband e weideren Update zum Sportler sengem Gesondheetszoustand bekannt ginn. Wéi et heescht, wier d'Operatioun gutt verlaf. De Cyprien Sarrazin ass mëttlerweil och aus dem kënschtleche Koma waakreg ginn. Dat mellt nach déi franséisch Schi-Federatioun.

De Fransous war am éischten Training en Donneschdeg nach d'Beschtzäit gefuer a louch och e Freideg bis zur Chute bei den Tëschenzäiten a Féierung.