Oberstdorf, Garmisch-Partenkirchen, Innsbruck, Bischofshofen - d'Véierschanzentournee ass eent vun den Highlights an der Wantersport-Saison.

Um Samschdeg ass d'Qualifikatioun an e Sonndeg ass dat éischt Sprangen zu Oberstdorf an Däitschland. Den 1. Januar ass Garmisch-Partenkirchen un der Rei. Da geet et eriwwer an Éisträich. De 4. Januar gëtt zu Innsbruck gesprongen an op Dräikinneksdag ass déi lescht Etapp Bischofshofen.

Bei der 73. Véierschanzentournee gëtt sech nees eng spannend Competitioun erwaart. Zu de Favoritten op d'Schlussvictoire zielt de Leader am Weltcup Pius Paschke. Den Däitschen huet fënnef Victoirë bei zéng Weltcup-Sprangen an dëser Saison gefeiert. Beim Krees vun de Favoritte kënnt een och net laanscht d'Éisträicher. Vu bis ewell 30 Podiumsplazen an dëser Saison sinn der 17 un Éisträicher gaangen. Virop ze nennen hei den Daniel Tschofenig. Ma och de Jan Hörl oder de Stefan Kraft dierf een net vergiessen. Zanter zéng Joer gouf et keng éisträichesch Victoire méi. Zu de Favoritten zielt och den Norweger Johann Andre Forfang an och den Titelverdeedeger Ryoyu Kobayashi aus Japan.

De Gewënner kritt e Präisgeld vun 100.000 Franken (108.000 Euro). Fir eng Dagesvictoire gëtt et 10.000 Franken (10.800 Euro).

Wéini sinn déi verschidde Sprangen?

  • Samschdeg, 28. Dezember, 16.30 Auer: Qualifikatioun zu Oberstdorf
  • Sonndeg, 29. Dezember, 16.30 Auer: 1. Sprangen zu Oberstdorf
  • Dënschdeg, 31. Dezember, 13.30 Auer: Qualifikatioun zu Garmisch-Partenkirchen
  • Mëttwoch, 1. Januar, 14.00 Auer: 2. Sprangen zu Garmisch-Partenkirchen
  • Freideg, 3. Januar, 13.30 Auer: Qualifikatioun zu Innsbruck
  • Samschdeg, 4. Januar, 13.30 Auer: 3. Sprangen zu Innsbruck
  • Sonndeg, 5. Januar, 16.30 Auer: Qualifikatioun zu Bischofshofen
  • Méindeg, 6. Januar, 16.30 Auer: 4. Sprangen zu Bischofshofen.