Magnus Carlsen disqualifizéiert, well en eng Jeansbox unhat

Op der Schach-WM zu New York koum et zu engem Eclat, nodeems den Titelverdeedeger sech net un d'Kleederuerdnung gehalen huet.
Et ass ënnert de Schachspiller bekannt, dass ee bei der WM zum Beispill keng Jeansbox däerf undoen. Dat dierft och dem Magnus Carlsen bewosst gewiescht sinn. An awer ass d'Weltranglëschten-Nummer-1 e Freideg an enger Jeansbox ugetrueden. Hie krut no sengem 2. Match eng Geldstrof vun 200 Dollar, grad ewéi en Ultimatum, fir sech sou séier wéi méiglech korrekt ze kleeden.
De Carlsen huet gefrot, ob et net géif duergoen, wann e samschdes an der korrekter Tenue géif untrieden. Dat gouf awer net akzeptéiert an et koum zur Disqualifikatioun.
An engem Statement no der Disqualifikatioun huet e gesot, e géif elo op eng Plaz reesen, wou d'Wieder besser wier wéi zu New York.