Beim Optakt vum United Cup am Tennis an Australien gewënnt den Alexander Zverev mat 2 mol 6:4 géint den Thiago Monteiro.

Domat huet hie fir den 2:0 am Gruppenduell géint Brasilien gesuergt an domadder och virzäiteg fir d'Victoire an deem Duell.

Virdrun hat d’Laura Siegemund sech onerwaart mat 6:3, 1:6 a 6:4 géint d’Beatriz Haddad Maia duerchgesat. Däitschland huet domat en éischte Schrack a Richtung Titelverdeedegung gemaach.

Am nächste Match waart elo China.