Hannover 96 huet sech iwwerraschend vum Trainer Stefan Leitl getrennt

© SID/CHRISTOF STACHE
Dat huet de Veräin aus der 2. Bundesliga um Sonndeg bekannt ginn. De Stefan Seitl (47) war zanter Summer 2022 Trainer bei Hannover 96.
Aktuell steet Hannover op Plaz 7 an der 2. Bundesliga, dat mat 27 Punkten. Et huet ee just 2 Punkte Réckstand op eng direkt Opstigsplaz.
Et hätt een den Uschloss no uewen definitiv verluer an eng echt Konstanz hätt een éierlecher gesot net hikritt, esou de Sportdirekter Marcus Mann. De Glawen drun, dass ee mam Leitl als Trainer nach den Opstig an d'éischt Bundesliga géif packen, wier net méi esou ouni Weideres do gewiescht.
Nieft dem Stefan Leitl gouf och de Co-Trainer Andre Mijatovic fräigestallt.
Als Nofollger gouf kuerz no der Annonce vun der Trennung vum Leitl den André Breitenreiter virgestallt.