Fir de 24 Joer alen Norweger ass et déi éischt Victoire am Weltcup.

Den Norweger Frederik Moeller huet e Sonndeg iwwerraschend de Super-G zu Bormio an Italien gewonnen. De 24 Joer ale Sportler huet de Vincent Kriechmayer (+0,20 Sekonnen) aus Éisträich an den Alexis Monney (+0,24 Sekonnen) aus der Schwäiz hannert sech gelooss.

No der Victoire vum Alexis Monney an der Descente e Samschdeg gouf et deemno och e Sonndeg eng Iwwerraschung op der Stelvio zu Bormio.

E Sonndeg gouf et och nees eng uerg Chute. No der Chute vum Sarrazin huet et elo den Gino Caviezel erwëscht.

Hie war den éischte Starter am Super-G an no net emol enger Minutt huet hien eng vun de Paarten ze pake kritt an ass virum berüümte "San-Pietro-Sprong" gefall. Op de Biller konnt een erkennen, dass hien net vu sech war. Hie soll sech um Knéi an un der Schëller blesséiert hunn. Hie koum mam Rettungshelikopter an d'Spidol.

E Freideg war de Fransous am Training fir d'Descente gefall an hat sech uerg um Kapp blesséiert. En huet mussen operéiert ginn a war duerno am kënschtleche Koma. D'Operatioun ass awer gutt verlaf an en ass mëttlerweil nees bei Bewosstsinn.

Ljutic wënnt Slalom-Weltcup zu Semmering

D'Kroatin Zrinka Ljutic huet e Sonndeg de Mëtteg de Slalom-Weltcup zu Semmering an Éisträich gewonnen. Si war a béiden Duerchgäng déi Stäerkt. D'Ljutic huet sech virum Lena Dürr aus Däitschland (+1,75 Sekonnen) an der Éisträicherin Katharina Liensberger (+1,85 Sekonnen) behaapt. D'Liensberger louch nom éischten Duerchgang nach op Plaz 6 a konnt nach op eng vun de Podiumsplazen no vir fueren.