E Samschdeg de Moie war zu Monnerech fir d'Poussin dee leschten Interdetektiounsdag vun der FLF am Joer 2024.

Bësse méi wéi achtzeg Jonker vun de Poussin, also der U11, hu sech e Samschdeg de Moien zu Monnerech bei der FLF fir de leschten Interdetektiounsdag vun dësem Joer versammelt. Vun deene véier Detektiounszentren Norden, Süden, Osten a Westen hu sech déi jonk Nowuessspiller getraff, fir Futtball ze spillen. Ier et lassgaangen ass, goufe souwuel d'Spiller wéi och d'Eltere vum Manuel Cardoni an dem Claude Campos gebrieft.

Den Dag stoung nämlech ënnert dem Motto "A Rou Futtball spillen". Deemno hunn d'Elteren net vu baussen dierfen intervenéieren an och vun den Trainere gouf et wéineg bis guer keng Uweisunge fir d'Spiller.

De Claude Campos (Koordinateur am Detektiounszentrum Osten): "Mir wëllen domadder och e Message un d'Leit, also un déi Erwuesse ginn, d'Jonge wëlle just Spaass hunn um Futtball. A se ginn och relativ gutt eens ouni Arbitter, ouni Trainer, deen dee Consignë gëtt, ouni Elteren, déi rajäizen. An d'Iddi ass einfach, och de Leit, den Eltere mat op de Wee ze ginn, datt wa se och déi Matcher, Championnatsmatcher Weekends oder elo Talent-Tournéiere spillen, datt se einfach solle probéieren, roueg ze bleiwen, ufeieren ass kee Problem, mee einfach net eranzeruffen an eranzejäizen an e gewësse Stress eranzebréngen, wou kengem eppes bréngt."

An enger agreabel Ambiance an ouni Awierkunge vu bausse konnten déi Jonk Spaass um Futtball hunn. Och eng flott Méiglechkeet fir d'Traineren hir Spiller nach besser kennen ze léieren.

"Haaptsächlech et geet drëm, datt se Spaass hunn d'Jongen. Dat ass dat Allerwichtegst, datt se vill ze spille kréien. Ech sinn um Site am Osten a meng Jonge kennen ech an et geet och drëm, fir datt d'Traineren aus der Futtballschoul, datt déi d'Spiller och eng Kéier gesinn, datt se eng Iddi hunn, wéi déi Generatioun, wat u Spiller no kënnt."

Fir déi eng Eltere war et schwéier, hire Jonge musse roueg nozekucken, fir anerer war dëst méi einfach. Um Enn kann ee vun engem gelongene leschten Interdetektiounsdag schwätzen, bei deem de Spaass um Futtball bei deene Jonken op éischter Plaz stoung.