No fënnef Partien ouni Victoire däerf Manchester City nees eng Kéier feieren

E Sonndeg den Owend ass ë.a. an der englescher Premier League an an der Serie A an Italien de Ball gerullt.
An der englescher Premier League huet Manchester City no fënnef Partien ouni Succès e Sonndeg nees dierfte feieren. Och wann den 2:0 bei Leicester net ganz souverän war. Et war iwwerdeems déi éischt Victoire auswäerts zanter Mëtt Oktober. A fir de spueneschen Trainer Pep Guardiola war et de 500. Match fir d'Skyblues.
Tottenham huet 2:1 géint Wolverhampton gewonnen. Crystal Palace huet 2:1 géint Southhampton gespillt. Everton war Nottingham mat 0:2 ënnerleeën. A Fulham huet Bournemouth mat 2:1 geklappt.
An Italien huet Neapel 1:0 géint Venedeg gewonnen. Schonn e Samschdeg hat de Leader Atalanta Bergamo beim 1:1 bei Lazio Roum d'Punkte gedeelt an Inter Mailand hat zu Cagliari 3:0 gewonnen.
An der Tabell si Bergamo an Neapel un der Spëtzt mat 41 Punkten. Inter steet op der dräi mat 40 Punkten, ma huet awer och nach ee Match manner um Konto.