E Sonndeg den Owend war bei der Darts-WM den Optakt vun den Aachtelsfinallen.

De Weltmeeschter ass eraus. De Luke Humphries huet e Sonndeg den Owend am leschte Match vum Dag géint de Peter Wright mat 1:4 verluer a kann domadder säin Titel bei der Darts-WM net méi verdeedegen. Den Englänner huet an engem enke Match ëmmer nees u senge Wërf gezweifelt, ass am Duerchschnëtt wuel op Aenhéicht mam Wright bliwwen, ma awer wäit hannert sengen Erwaardungen zeréck.

Fir de Wright war et no engem schwierege Joer eng grouss Victoire. De Schott huet no senger dach  iwwerraschender Victoire Emotioune gewisen.

Den éischte Saz ass an den Decider gaangen an dëse konnt den zweefache Weltmeeschter aus Schottland fir sech entscheeden. Och am zweete Saz huet den Decider d'Decisioun misse bréngen. Dës Kéier war et den Humphries, déi aktuell Nummer 1 op der Welt, deen dat decisiivt Leg fir sech entscheede konnt. Doduerch stoung et 1:1. Och den drëtte Saz ass eréischt am Decider decidéiert ginn. Nodeems de Wright am Ufank vum Saz seng Feiler gewiesselt hat, ass hien am entscheedende Leg zeréck op seng al Feiler gewiesselt. An dat sollt sech bezuelt maachen. De "Snakebite" huet mat aacht Wërf 341 Punkten ausgemaach an ass mat 2:1 a Féierung gaangen. Och de véierte Saz war extrem ëmkämpft, sou datt et nees an den Decider gaangen ass an do hat de Wright dat bessert Enn fir sech. Am fënnefte Saz huet de Wright dunn de Match dominéiert an huet den Humphries net méi zeréckkomme gelooss. Um Enn stoung d'Nummer 17 op der Welt bei engem Average vun 101,93 Punkten an enger ganz staarker Dubbelquot vu 70 Prozent.

An der Véierelsfinall trëfft de Wright elo op de Gewënner aus der Partie tëscht dem Stephen Bunting an dem Luke Woodhouse.

Deen éischten Ticket fir d'Véierelsfinallen hat den Ex-Weltmeeschter Gerwyn Price geléist. Am waliseschen Duell mat sengem Landsmann Jonny Clayton huet d'Nummer 10 op der Welt e Sonndeg mat 4:2 gewonnen. An der Véierelsfinall kritt de Price et elo entweder mam Englänner Chris Dobey oder dem Hollänner Kevin Doets ze dinn. Den Doets hat bei dëser WM ë.a. schonn d'Nummer 2 op der Welt Michael Smith eliminéiert.

Déi weider Véierelsfinaliste ginn e Méindeg gesicht.