Bei der Darts-WM am Alexandra Palace zu London stinn d'Véierelsfinalle fest.

Um Wee dohinner gouf et nees eng ganz Partie Iwwerraschungen, ënnert anerem gouf an den Aachtelsfinallen den Titelverdeedeger Luke Humphries eliminéiert. Aner Stare wéi déi fréier Weltmeeschter Gary Anderson a Michael Smith hu schonns ganz fréi missen heemgoen.

E Méindeg de Mëtteg an Owend goufen déi lescht Aachtelsfinalle gespillt. De Chris Dobey huet sech mat 4:3 géint de Kevin Doets aus Holland duerchgesat. Mam nämmlechte Resultat wënnt de Callan Rydz géint de Robert Owen, dat nodeems e scho mat 0:2 hanne war. Donieft huet den Nathan Aspinall mat 4:0 géint en erschreckend schwaache Ricardo Pietreczko gewonnen. Owes konnt sech de Stephen Bunting kloer mat 4:0 géint de Luke Woodhouse duerchsetzen an de Michael van Gerwen huet den Jeffrey de Graaf mat 4:2 geklappt. An der leschter Aachtelsfinall war et dunn eng ganz spannend Partie tëscht dem Luke Littler an dem Ryan Joyce, an där de jonke Littler sech mat enger 4:3-Victoire den Ticket fir d'Véierelsfinalle séchere konnt.

Wéi geet et weider?

Op Neijoerschdag gi mir gewuer, wien et an d'Halleffinalle packt. An der éischter Véierelsfinall muss de Chris Dobey géint de Weltmeeschter vun 2021 Gerwyn Price untrieden. Hei dierft de Price wuel liicht favoriséiert sinn, ma de Chris Dobey ass bekannt dofir, virun allem bei der WM ëmmer gutt a Form ze sinn.

An der zweeter Véierelsfinall kënnt et zum Duell tëscht dem Michael van Gerwen an dem Callan Rydz. Den Hollänner, dee schonn dräimol de Weltmeeschtertitel gewanne konnt, dierft hei de klore Favorit sinn. Nawell huet de Callan Rydz ënnert anerem an der Aachtelsfinall gewisen, dass een hien zu kengem Ament ënnerschätzen dierf.

Peter Wright géint Stephen Bunting - dat ass d'Affiche vun der drëtter Véierelsfinall. Mam Wright ass also nach e weidere fréiere Weltmeeschter an der Ronn vun de leschten 8 mat dobäi. De Schott, dee wuel eng vu senge schlechtste Saisonen an de leschte Jore gespillt huet, huet bei der WM zu aler Form fonnt an an der Aachtelsfinall den Titelverdeedeger Luke Humphries eliminéiert. Deemno kéint et ee ganz schwierege Match gi fir de Stephen Bunting, deen eréischt eemol a senger Karriär iwwer d'Véierelsfinallen erauskoum.

An der leschter Véierelsfinall spillt de grousse Favorit Luke Littler géint den Nathan Aspinall. Den eréischt 17 Joer ale Littler stoung d'lescht Joer bei sengem Debut direkt an der WM-Finall an huet e fantastescht Joer gespillt an ass also aus guddem Grond de ganz grousse Favorit. Säi Géigner huet och net seng bescht Saison gespillt, weess sengersäits awer och bei der WM ëmmer ze iwwerzeegen. Nawell dierft et fir den Nathan Aspinall ganz schwéier ginn.

D'Véierelsfinallen am Iwwerbléck

Chris Dobey - Gerwyn Price

Michael van Gerwen - Callan Rydz

Peter Wright - Stephen Bunting

Luke Littler - Nathan Aspinall

Zweemol gouf schonn den 9-Darter geheit

E groussen Highlight beim Darts ass den 9-Darter. Dëst bedeit, datt ee 501 Punkte mat 9 Feiler op 0 bréngt - besser geet net méi. Zwee Spiller ass bei dëser WM dëst Konschtstéck scho gelongen, ma allebéid hunn an der Suite hire Match awer verluer. Iwwer eng Primm kënne sech de Christian Kist an den Damon Heta nawell freeën.