Déi meescht vun deenen, déi vum Lafvirus gepak sinn, loossen sech dee Rendez-vous um leschten Dag vum Joer net laanscht d'Nues goen.

Ee vun hinnen ass de Jeannot Müller. Dass de Jeannot sportbegeeschtert ass, dat erkennt ee schonn um gréng-wäissen Trikot. Zesumme mat sengem Kolleeg dem Steve a 600 Leeferinnen a Leefer lancéiert de Jeannot sech op déi 10 km laang Stréck. Fréier Futtballspiller, passionéierte Motocross- a Vëlosfuerer, Fan vum Trail, dem Lafen an der Natur: de Sport stécht am Blutt. Wéi den éischte vum Silvesterlaf, de Maacher Nial Foley an d'Sara Svensk, déi éischt Dam, ukoumen, waren déi zwee Werder-Bremen-Supporteren an der Hallschent vun der Course.

De Chrono huet am Laf vun de Jore manner Bedeitung kritt. Ënnert enger Stonn war d'Zilsetzung an dat gouf erreecht. Als passionéierte Sportler interesséiert de Jeannot sech och fir Spaass a Freed um Sport an e puer international Podiume, vum klenge Lëtzebuerg. Do schléisse mir eis gären un.