Dobey-Van Gerwen a Bunting-Littler an den Halleffinallen

De Luke Littler huet dem Nathan Aspinall kaum eng Chance gelooss. / © AFP
Op Neijoerschdag goufen op der Darts-WM zu London am Alexandra Palace d‘Véierelsfinalle gespillt.
De Chris Dobey huet et dobäi fir déi éischte Kéier a senger Karriär an d‘Halleffinalle vun der Darts-WM gepackt, nodeems déi zwou viregt Editiounen allkéiers an der Véierelsfinall Schluss war. E Mëttwoch huet hien de fréiere Weltmeeschter Gerwyn Price mat 5:3 geklappt, dat nodeems en déi éischt zwee Sätz verluer hat. An der Suite war den Dobey kaum ze bremsen an hätt esouguer 5:2 gewanne kënnen, ma deen Ament huet den Dobey fënnef Matchdarts verginn an et esou méi spannend gemaach wéi eigentlech néideg.
Dem Chris Dobey säi Géigner an der Halleffinall ass den dräifache Weltmeeschter Michael van Gerwen. Den Hollänner huet en héichklassege Match, an deem béid Spiller en Average vun iwwer 103 gespillt hunn, mat 5:3 géint de Callan Rydz gewonnen. Dobäi hu si zesummen 31 180er geheit, wat Rekord ass fir eng Véierelsfinall. Et war de bis dohinner wuel beschte Match vun der WM, an deem de Michael van Gerwen an de wichtegen Amenter einfach en Tick méi cool war.
Nodeems mam Gerwyn Price e weidere Weltmeeschter also e Mëttwoch eliminéiert gouf, huet mam Peter Wright deen nächste fréiere Weltmeeschter an der Véierelsfinall verluer. De Schott war e Mëttwoch den Owend dem Stephen Bunting ënnerleeën. Den 39 Joer ale Bunting steet no der 5:2-Victoire géint de Peter Wright fir déi zweete Kéier a senger Karriär an der Halleffinall. Schonns 2021 war hien ënnert de beschte 4. Deemools hat hie knapps mat 4:6 géint de spéidere Weltmeeschter Gerwyn Price verluer.
Dëst Joer kritt hien et do mam amtéierende Vize-Weltmeeschter Luke Littler ze dinn, dee sech sengersäits mat 5:2 géint den Nathan Aspinall duerchsetze konnt. D'Darts-"Wonnerkand" huet de Match vun Ufank un dominéiert a steet also och bei senger zweeter Participatioun an der WM-Halleffinall.
D'lescht Joer ass ee richtege "Littler-Hype" entstanen. Fir vill Experte gëllt de jonken Englänner als dee grousse Favorit op de WM-Titel. Dat och bedéngt duerch seng staarke Prestatiounen am Joer 2024, mat ënner anerem dem Gewënn vun der Premier League. Dozou den aktuelle Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer.
"Et ass e bëssen normal, datt dee "Littler -Hype" entstanen ass, well en ass quasi fir vill Leit aus dem Näischt d'lescht Joer op der Weltmeeschterschaft opgetaucht an ass mat senger spektakulärer Spillaart a -weis direkt bis an d'Finall komm. Ech perséinlech sinn deem "Hype" och e bësse verfalen, well et einfach seng Spillaart a -weis ass, déi wierklech beandrockt, wéi en dat mécht. Wann een dann och bedenkt, datt en eréischt 17 Joer huet, ass dat scho ganz, ganz speziell."
Fir den aktuelle Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer sinn et net déi Halleffinallen, déi hie sech erwaart hat an awer kann ee sech iwwer spannend Matcher freeën:
"Beim Chris Dobey géint de Michael Van Gerwen gesinn ech den 'MVG' liicht am Virdeel, well hien einfach d'Erfarung huet op esou groussen Tournoien. De Van Gerwen ass schonn dräi Mol Weltmeeschter ginn an deen ass do liicht favoriséiert, och wa sech déi Zwee vun hiren Tournoi-Averagen vun hirer Doppel-Quot hier vläicht net ganz vill ginn. Déi zweet Halleffinall tëscht dem Bunting an dem Littler, dat wäert sécher eng ganz interessant Partie ginn. Mam Steven Bunting hat ee vläicht net onbedéngt gerechent, mee et muss een awer och soen, datt hien eng ganz gutt Saison gespillt huet an natierlech eng schwéier Aufgab viru sech huet mam Luke Littler."