En Donneschdeg hat den däitschen Trainer bei sengem neie Veräin den éischten Aarbechtsdag um Trainingsterrain.

Ronn sechs Wochen nom Out beim Hamburger SV ass de Steffen Baumgart rëm am Asaz. Wéi den däitsche Bundesligist 1. FC Union Berlin scho virun e puer Deeg annoncéiert hat, ersetzt hien de Bo Svensson als neie Cheftrainer.

En Donneschdeg hat den 52 Joer ale Baumgart säin éischten Training mat der neier Ekipp vu Köpenick.

An der 1. Bundesliga steet Union Berlin no 15 Spilldeeg mat 17 Punkten op der 12. Plaz. Den nächste Match ass e Samschdeg, den 11. Januar, wou et um 15.30 Auer géint den 1. FC Heidenheim geet.