150 Spectateuren hunn um Public Viewing zu Schuller matgeféiwert
Am Kader vun der Finall vun der Darts-WM, bei där sech de 17 Joer ale Luke Littler kloer duerchsetze konnt, gouf zu Schuller e Public Viewing organiséiert.
Net laang hat et gedauert, bis datt d'Spectateuren am Centre Culturel fir d'éischte Kéier eng 180 an der Finall vun der Darts-WM zelebréiere konnten. D'maximal Unzuel u Punkten, déi ee mat 3 Darts erziele kann, sollt awer nach e puer mol méi oft geworf ginn, wat fir eng ëmmer besser Stëmmung gesuergt huet. D'Ambiance, dat ass sécher ee Punkt firwat sou vill Leit komm waren, an awer hat ee sech dat net direkt erwaart, mengt och de Christophe Winandy vum DC Nevercheck:
"Et ass déi éischt Kéier, wou mir dat als Dartsclub iwwerhaapt am Grand Duché maachen. Mir si selwer iwwerrascht, datt et esou gutt ukomm ass. Mir spille jo selwer Darts a wëssen, datt een Interessi do ass, mee dat mir haut hei d’Bud voll hu mat 150 Leit, domadder hu mir net gerechent."
Organiséiert gouf dëse Public Viewing vum lokale Club DC Nevercheck. D'Lëtzebuerger Darts-Federatioun war doriwwer natierlech frou an huet nach eng Kéier ënnerstrach, datt den Dartssport och hei am Land um richtege Wee ass, virun allem wat den Niveau ugeet.
"Den Niveau geet an de leschte Joren ëmmer méi erop. Mir hunn e puer Spiller, déi och international e puer Resultater gepackt hunn an et mierkt een och bei den Turnéieren, ëmmer méi Leit maache mat an et gëtt ëmmer méi populär, och hei am Land", sou de Federatiounspresident Tom Becker.
Op engem aneren Niveau waren dann awer déi zwee, déi e Freidegowend an der Finall zu London stoungen an do war et guer net sou einfach, fir ze soen, wie vun hinne gewanne géif.
"Ech géing soen, de Luke Littler, deen huet ëmmer gewisen, datt hien Nerven huet an huet säin Niveau ëmmer gehuewen. De Van Gerwen huet schonn 3 Titele gewonnen, dee weess wéi et geet, mol kucken ob et haut klappt", fënnt den Tom Becker.
Sou sollt et dunn och kommen an de Luke Littler ass zum jéngste Weltmeeschter an der Geschicht vum Sport gekréint ginn. Dat ganz zur Freed vun de sëllege Fans zu Schuller, déi sech ee flotte Match gewënscht haten an net enttäuscht goufen.