Benfica Lissabon steet an der Finall vum portugisesche Liga-Pokal.

De Club aus der Banlieue vun der portugisescher Haaptstad konnt sech e Mëttwochowend mat 3:0 géint Sporting Braga duerchsetzen. Fir d'Goler suergen den Di Maria an der 27. a 37. Minutt an de Carreras an der 28. Minutt. De Leandro Barreiro souz bei der Victoire vu senger Ekipp op der Bänk a koum net an den Asaz.

An der Finall vu der "Taca da Liga" trëfft Benfica den 11. Januar op de grousse Konkurrent Sporting.

An der Belsch scheet d'Union Saint-Gilloise iwwerdeem an der Véierelsfinall vun der Coupe. De Club vum Lëtzebuerger Nationalgolkipp Antony Moris geet auswäerts mat 1:5 bei Royal Antwerpen ënner. Den Antony Moris stoung iwwer 90 Minutten tëscht de Pottoen.