A Spuenien war e Mëttwoch d'Halleffinall vum Super Cup, iwwerdeem an England den Allersmatch vun der Halleffinall vum League Cup gespillt gouf.

Tottenham Hotspur - FC Liverpool 1:0
1:0 Bergvall (86')

Am Allersmatch vun der Halleffinall vum englesche League Cup ka sech Tottenham doheem mat 1:0 géint Liverpool behaapten. De Gol vum Owend schéisst an der 86. Minutt de Lucas Bergvall, deen no Virlag vum Dominic Solanke trëfft.

Schonn no e puer Minutten am Match war dat Sportlecht an den Hannergrond geréckelt. Den uruguayeschen Nationalspiller Bentancur wollt no engem Corner zum Kappball usetzen, ass dobäi onglécklech op de Kapp gefall a war vu sech. Hie gouf wärend e puer Minutte vum medezinesche Personal um Terrain behandelt, ier en an Klinick transportéiert gouf. An der Paus haten d'Spurs iwwer X matgedeelt, datt hien nees bei Bewosstsinn an uspriechbar wier. Hie géif an der Klinik weider ënnersicht ginn.

Atheltic Bilbao - FC Barcelona 0:2
0:1 Gavi (17'), 0:2 Yamal (52')

A Spuenien steet den FC Barcelona no enger Heem-Victoire géint Athletic Bilbao an der Finall vum Super Cup. D'Katalane gewannen duerch Goler vum Gavi an der 17. a vum Lamine Yamal an der 52. Minutt. An der Finall, déi e Sonndeg zu Dschidda a Saudi-Arabien gespillt gëtt, trëfft Barca op de Gewënner vum Match tëscht dem RCD Mallorca a Real Madrid