Kann den Novak Djokovic säi 25. Grand-Slam-Titel zu Melbourne gewannen?

© AFP
De fréiere Lëtzebuerger Tennisspiller huet mat RTL iwwer d'Chancë vum 37 Joer ale Serb géint déi staark jonk Konkurrenz geschwat.
D'Tennis-Saison gëtt ëmmer Down Under esou richteg lancéiert. D'Australian Open hunn ugefaangen, an déi bescht Spillerinnen a Spiller probéieren direkt deen éischten Grand Slam Tournoi vum Joer ze gewannen. De Rekord huet den Novak Djokovic. De Serb konnt sech schonn zéng mol zu Melbourne an de Palmarès androen. Den Novak Djokovic huet awer och nach ee grousst Zil, an dat ass säi 25. Grand-Slam-Titel am Eenzel ze gewannen, an domat eleng dee Rekord ze hunn.
Déi grouss Fro ass, packt de 37 Joer ale Serb et nach eng Kéier ee vun deene véier Grand Slame fir sech ze entscheeden? Bis elo huet den Novak Djokovic de Rekord vu 24 Titelen zesumme mat der Australierin Margaret Court. Déi nei Generatioun mat der Nummer 1 am ATP Ranking, dem Italiener Yannick Sinner, dem Spuenier Carlos Alcares an dem Däitschen Alexander Zverev ass do, an dofir weess de Gilles Müller, fréier Nummer 21 an der Weltranglëscht a mëttlerweil Tennisexpert bei internationalen Tëleeschaînen, wéi et mat der Missioun-25 vum Djokovic ausgesäit:
"Ob et ëm geléngt? Ech mengen et gëtt schwéier. Ech mengen et gëtt wierklech schwéier, fir géint déi zwee ganz grouss Favoritte vun dëser Saison, de Sinner an den Alcaraz, fir do laanscht ze kommen. Mee bon, et weess een ni. Ob alle Fall wäert en eng Chance hunn, wann e gesond bleift. A wann dann och säin neien Trainer, de Murray, et fäerdeg bréngt, en wierklech bis an d’Hoerspëtzen ze motivéieren, da kéint et eventuell klappen."
Fir de Gilles Müller ass déi grouss Fro och, ob den Novak Djokovic d'Motivatioun nach emol opbréngt, fir no ënnert anerem 428 Wochen un der Spëtzt vun der Weltranglëscht wierklech deen allerleschte Prozent nach eng Kéier aus sech erauszehuelen.
"Dass en et kann, dass en et fäerdeg bréngt, géint déi Bescht ze gewannen, huet hien nach eng Kéier bewise bei den Olympesche Spiller. Et huet een d'lescht Joer ganz kloer gesinn, dass en net all Woch mat där nämmlechter Motivatioun, Intensitéit gespillt huet. An ech mengen, dass dat einfach schwiereg gëtt. Ech mengen, et ass schwiereg, wann een zwee Méint oder dräi Méint, ech soen et mol, nëmme mat 80 % trainéiert, well een dann eeben net esou motivéiert ass, well een net méi wierklech ganz kloer Ziler huet. Ech si gespaant, also ech géif em et wierklech wënschen, well ech mengen all déi Diskussiounen, wien ass dee Beschte vun allen Zäiten an esou. Ech mengen, wann e wierklech als Eenzegen och 25 Grand Slamen huet, dann huet e wierklech all d'Rekorder, da ka wierklech keen em méi ewechhuelen. Ech denken dat kéint seng gréisste Motivatioun sinn."
Yannick Sinner 23, Carlos Alcares 21 Joer, do leie ronn 16 Joer tëscht deenen zwee Youngsteren an dem 37 Joer alen Novak Djokovic. Do gëtt et deemno virun allem zum Schluss vun deenen zwou Woche vun engem Grand Slam net evident, fir nach mat der méi jonker Konkurrenz matzehalen.
"Also hie sot et scho selwer, dass et wierklech schwiereg gëtt. Hien huet véier, fënnef Sets géint déi Jonk, géint den Alcaraz, dee wierklech mat enger grousser Intensitéit spillt, e Sinner, dee wierklech ganz schnell spillt, d'Bäll fréi hëlt, dee wierklech seng Géigner erstéckt um Terrain, jo, also ech denke schonn, ech mengen den Djokovic war ëmmer zu menger Zäit schonn e Monster, wat dat wéi gesot ugeet, also ech mengen et gouf keen, deen esou haart geschafft huet, esou prezis geschafft huet wéi hien. Vun dohier mengen ech schonn, dass en dat nach ëmmer u sech huet. Ech mengen datt et wichteg ass fir hien, dass en an den éischte Ronnen net onnéideg Energie verléiert, net ze laang um Terrain steet, voilà, an da wann déi grouss Matcher kommen, dass en esou frësch wéi méiglech ass."
Profi-Tennisspillerinnen a Spiller si frou, no den Hierscht- a Wanterméint an eise Sphären, elo am australesche Summer d'Sonn ze gesinn, seet de Gilles Müller, dee bei den Australian Open 2015 mat der 1/8-Finall säi bescht Resultat zu Melbourne realiséiert hat.
D'Australian Open si fir d'Leit d'Down Under e richtegt Fest, sot eis de Gilles Muller och nach. D'Australier wäre richteg enthusiastesch a géife sech op hiren "Tennis-Summer" freeën.