Am internationale Futtball war et ënner anerem de 17. Spilldag vun der däitscher Bundesliga, wou Holstein Kiel Borussia Dortmund empfaangen huet.

Dobäi hunn déi Norddäitsch dem BVB schonn an der éischter Hallschent eng uerdentlech Lektioun ginn, wouduerch et no 45 Minutten 3:0 fir Kiel stoung. Nom Säitewiessel huet sech dem Nuri Sahin seng Ekipp gerappt kritt a konnt duerch Goler vum Giovanni Reyna an Jamie Gittens op 3:2 verkierzen. Vun enger Iwwerzuel vun der 86. Minutt un, nodeems de frësch agewiesselte Lewis Holtby wéinst engem schroe Foul um Felix Nmecha no nëmmen 10 Minutten déi rout Kaart krut, konnten d'Dortmunder net profitéieren. An der 8. Minutt vun der Nospillzäit war et de Fiete Arp, deen de 4:2 schéissen an domadder den Deckel fir d'Kieler zoumaache konnt. D'Ekipp aus dem Norde kann am Ofstigskampf domadder e bëssi Loft huelen, befënnt sech trotzdeem nach op der zweetleschter Plaz. De BVB rutscht an d'Mëttelfeld op Plaz 9 of.

Zu Wolfsburg ass Mönchengladbach mat 1:5 ënner d'Rieder komm. Nodeems een no der éischter Hallschent mat 0:1 hanne louch, ass d'Ekipp vum Gerardo Seoane vun der 75. Minutt u komplett auserneegefall, wouduerch et kuerz viru Schluss 5:0 fir Wolfsburg stoung. De Shio Fukuda konnt an der 89. Minutt op 1:5 fir d'"Fohlen" verkierzen. Och Frankfurt konnt sech mat 4:1 kloer géint Freiburg behaapten a Leverkusen konnt mat engem schéine Fräistoussgol vum Alejandro Grimaldo an der 48. Minutt mat 1:0 Mainz klappen a verkierzt domat de Réckstand op den Tabellenéischte Bayern München op 1 Punkt. Den däitsche Rekordmeeschter empfänkt e Mëttwochowend an der Allianz Arena d'TSG Hoffenheim.

Premier League


Op der Insel war et zäitgläich den 21. Spilldag vun der Premier League. Manchester City koum no engem Last-Minute-Ausgläich vum Christian Nörgaard an trotz enger 2:0-Féierung duerch zwee Goler vum Phil Foden net iwwert en 2:2 géint Brentford eraus. Am Londoner Derby tëschent West Ham a Fulham wannen d'"Hammers" ënnert hirem neie Coach Graham Potter mat 3:2 an Chelsea konnt sech duerch e spéiden Ausgläichstreffer zum 2:2 vum Reece James an der 5. Minutt vun der Nospillzäit ee Punkt géint Bournemouth sécheren. 


Am Spëtzematch tëschent dem Tabellenzweeten Nottingham Forest an dem aktuelle Leader Liverpool gouf et kee Gewënner. Nottingham ass duerch e Gol vum Chris Wood an der 8. Minutt fréi a Féierung gaangen a konnt dës bis an d'Paus verdeedegen, ma nom Säitewiessel war et de grad eréischt agewiesselten Diogo Jota, deen an der 66. Minutt den 1:1 mam Kapp erzile konnt. Den FC Liverpool bleift mat 47 Punkten an engem Ofstand vu 6 Punkten op Nottingham Forest weiderhin de Leader vun der Premier League. Den amtéierende Champion Manchester City verpasst de Sprong an d'Top 5 a bleift mat 35 Punkten op der 6. Plaz vum Klassement.