An der Nuecht op e Mëttwoch huet d'Laura Siegemund bei den Australian Open fir eng fauschtdéck Iwwerraschung gesuergt.

D'Nummer 97 vun der Welt konnt sech nämlech mat 7:6 a 6:3 géint d'Nummer 5 vun der Welt, d'Qinwen Zheng duerchsetzen. D'Chinesin, déi 2024 an der Finall vun den Australian Open stoung a Gold bei den Olympesche Spiller zu Paräis gewanne konnt, war e Mëttwoch wäit ewech vun hirem beschten Tennis. Am Virfeld vun den Australian Open hat déi 22 Joer al Chinesin och kee Preparatiounstournoi gespillt, dat well si, eegenen Aussoen no, no enger laanger Saison 2024 kierperlech Probleemer hat. Weider Detailer huet si net ginn. D'Laura Siegemund, mat 36 Joer déi zweeteelst Spillerin bei den Australian Open, dierft dëst relativ wéineg intresséieren. D'Spillerin aus Däitschland wäert sech elo op déi drëtt Ronn Down Under freeën.

RTL

© AFP

Bei den Hären huet den Novak Djokovic iwwerdeems en historesche Meilesteen erreecht, et war nämlech säi 430. Grand-Slam-Match, domat läit hien do elo eleng un der Spëtzt virum Roger Federer an dem Serena Williams. Mat 6:1, 6:7, 6:3 a 6:2 huet hie sech e Mëttwoch géint de Jaime Faria duerchgesat a steet domat an der drëtter Ronn.