Chiefs, Bills, Commanders an Eagles erfollegräich

© AFP
De Super Bowl kënnt ëmmer méi no an elo sinn nëmmen nach véier Ekippen an der Course ëm den Titel.
D'Kansas City Chiefs spille weider kee richteg iwwerzeegende Football, bleiwen awer weiderhin extrem effektiv. Den Titelverdeedeger konnt sech an der Divisional Round nämlech mat 23:14 géint d'Houston Texans duerchsetzen. De Patrick Mahomes huet "just" fir 177 Yards an een Touchdown gepasst, 117 vun deene Passing Yards ware fir säin Tight End Travis Kelce. D'Texans, déi keen Turnover, méi Passing a méi Rushing Yards wéi hire Géigner haten, hunn et verpasst, Mahomes a Co. ze eliminéieren.
Am AFC Championship Game mussen d'Chiefs sech dann awer méi ustrengen. Do kréie si et nämlech mat de Buffalo Bills ze dinn. D'Bills hu sech mat 27:25 géint d'Baltimore Ravens duerchgesat an haten an der Regular Season schonn emol géint d'Chiefs gewonnen. An de Playoffs muss een allerdéngs soen, hunn d'Bills an de leschte Joren allkéiers géint d'Chiefs de Kierzere gezunn. Dëser Negativ-Serie wëll d'Ekipp dëst Joer en Enn setzen.
An der NFC gouf et iwwerdeems eng fauschtdéck Iwwerraschung. D'Washington Commanders mam Rookie-Quarterback Jayden Daniels hunn de grousse Favorit Detroit eliminéiert. E spektakuläre Match goung mat 45:31 fir d'Commanders op en Enn. Et war ee spektakuläre Match mat immens staarken Offensivaktioune vu béiden Ekippen. Leider, muss een aus der Siicht vun de Lions soen, ware ganzer 4 Interceptions der ze vill, wann een e Playoff-Match gewanne wëll.
D'Iwwerraschungsekipp vu Washington muss am NFC Championship Game elo géint d'Philadelphia Eagles untrieden. D'Eagles hu sech mat 28:22 géint d'Los Angeles Rams duerchgesat a wousste virun allem mat hirem staarke Lafspill ze iwwerzeegen. Eleng de Saquon Barkley hat 205 Rushing Yards an zwee Touchdowns, dobäi koumen nach 70 Yards um Buedem vum Quarterback Jalen Hurts.