Dem Novak Djokovic wäert säin Zil vum 25. Titel bei engem Grand Slam bis op Weideres net erreechen.

De 37 Joer ale Serb huet e Freideg de Moien eiser Zäit nom éischte Saz vun der Halleffinall-Partie vun den Australian Open géint den Däitschen Alexander Zverev opginn. Dat wéinst enger Blessur um lénke Been, déi hie sech an der Véierelsfinall géint de Spuenier Alcaraz zougezunn hat.

Den Djokovic hat d'Partie géint den Zverev mat engem staark getapte Been ugefaangen an huet no enger 6:7-Néierlag am éischte Saz opginn.

Den Zverev steet domat fir d'éischte Kéier a senger Karriär zu Melbourne an der Finall. Do trëfft hien op den Italiener Jannik Sinner, dee sech an dräi Sätz (7:6,6:2,6:2) géint den Amerikaner Ben Shelton duerchsetze konnt. Domadder trëfft mam Sinner déi aktuell Nummer 1 op der Welt op den Zverev, déi aktuell Nummer 2.