Successioun vun Domenico Tedesco
Rudi Garcia gëtt neie belsche Futtball-Nationaltrainer

De Rudi Garcia als Trainer vun Neapel / © AFP
Nodeems et scho Rumeure gouf, ass et elo offiziell: An der Belsch gëtt de Rudi Garcia neie Futtball-Nationaltrainer.
De Fransous iwwerhëlt d’Successioun vum Domenico Tedesco. No enttäuschende Resultater ass dem Däitsche säi Kontrakt un der Spëtzt vun de Diables Rouges viru kuerzem opgeléist ginn.
De Garcia huet fir d’lescht den SSC Neapel trainéiert.
Am meeschte gelies