Den neie Sportkomplex um Strutzbierg zu Diddeleng gouf vun der CBA entwéckelt an ass Enn 2024 opgaangen.

En neie Sportkomplex zu Diddeleng / Reportage Marlène Clement

E Freideg gouf den neie Sportkomplex "Strutzbierg" zu Diddeleng offiziell ageweit. Dat a Presenz vum Educatiounsminister Claude Meisch a vum Sportminister Georges Mischo. Zanter zwee Méint scho kënnen d'Schüler an d'Veräiner aus der Gemeng déi nei Turnhal a Schwämm notzen.

Viru véier Joer hunn d'Aarbechte fir déi nei Sportshal um Schoulcampus Strutzbierg ugefaangen. Déi al Infrastrukturen aus de 70er Jore si komplett ofgerappt ginn, erkläert den LSAP-Buergermeeschter, Dan Biancalana.

Do hate mer ee Léierbaseng. Lo hu mer ee 25-Meter-Baseng. Dat engem erméiglecht, och zwou Klassen do ze hunn. Och mat engem Hubboden, dat och engem d'Méiglechkeet gëtt, an och virun allem eise Schwammmeeschteren, awer och dann den Enseignanten, dass och Klasse mat ënnerschiddlechem Alter hei och deementspriechend kënnen ënnerriichten. 

Déi nei Sportshal soll awer net nëmme multifunktionell, mee och nohalteg sinn. Dozou d'Architektin Sala Makumbundu.

Natierlech den energeetesche Volet hu mer hei och besonnesch gekuckt, mat enger Pellet-Heizung, mat enger Photovoltaikanlag um Daach. Mir sinn insgesamt eng Klass B. Wat fir eng Piscine schonn net schlecht ass. 

Alles dat huet natierlech och säi Präis. Wéi de Projet am Hierscht 2020 gestëmmt gouf, war d'Gemeng vun engem Budget vu ronn 19 Milliounen Euro ausgaangen. Um Enn sinn et 6 Millioune méi.

Duerch dee ganze Post-Covid, d'Präismaterial, dat an d'Luucht gaangen ass, wéi gesot awer och d'Baukäschten, de Bauindex.  

Vum Sportsministère gouf et fir den neie Sportskomplex ee Subside vu ronn 27 Prozent vum Gesamtmontant. De Maximum u Subside fir esou Projete läit bei 35 Prozent. Den Diddelenger Buergermeeschter huet sech net ganz zefridden iwwer déi aktuell Subside-Politik gewisen.

Well dat heiten ass ee Bau, wou d'Gemeng initiativ geholl huet. D'Gemeng iwwerhëlt hei Responsabilitéit, mä et si jo awer virun allem d'Kanner, déi dem obligatoresche Schoulsport noginn am Fondamental, déi am Fong Notzer heivunner sinn, nieft engersäits dann och de Kanner vun der Maison relais respektiv de Veräiner. 

D'Gemenge missten deemno eng Diskussioun féieren, wat d'Architektur vun der Subside-Politik vum Staat vis-à-vis vun de Gemengen ugeet, esou den Dan Biancalana.

Deel vum Projet sinn och déi dräi Konschtinstallatiounen als Deel vu "Konscht um Bau". Zwou dovu sinn um –1 bei der Piscine. D'Kënschtler sinn d'Sali Muller, d'Claudia Passeri an de Patrick Galbats.