Um Samschdeg gouf den zweete "Projet Impuls"-Dag mam Sujet "Méi Sport a Beweegung an de Gemengen" organiséiert.

Projet Impuls / Reportage Serge Olmo

Dat vum Comité Olympique, dem Sportsministère, dem Inaps a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der "Oeuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte". Vill Gemengeresponsabel an Acteuren aus dem Sport hate sech op Lëpschent deplacéiert.

Beim éischte Projet-Impuls-Event virun engem Joer war den Intressi bei de Gemengen nach net esou grouss an do goung et méi drëms, de Projet op d’Schinnen ze kréien. D’Haaptacteure vun dësem Projet wéi de Comité Olympique an hire President André Hoffmann hu sech um Weekend gefreet, datt bei dësem zweeten Event ganz vill Interessente present waren. Mam Alejandro Calvente war och den Internationalen Olympesche Comité vertrueden.

Et waren 51 vun den 100 Lëtzebuerger Gemengen ugemellt. Véier Gemenge goufen am Hierscht 2023 selektionéiert, fir matzemaachen. Et waren dat Réiser, Gréiwemaacher, Nidderaanwen a Klierf; deemno Gemengen aus dem Süden, Osten, Zentrum an Norden. Dës Gemengen hunn hir Beispiller mat der Evolutioun vu Sport a Beweegung bei sech ervirgedroen an d’Method.

Et ass esouwuel am formale wéi am non-formale Beräich wichteg, bei de Kanner ze schaffen, mee de Fokus op de Sport soll an allen Alterskategorië stattfannen. Déi allgemeng Wichtegkeet vum Event gouf ënnerstrach an d’Importenz vum Sportkoordinator an de Gemengen.

Fir an de Gemengen op sportlechem Plang weiderzekommen, ass et wichteg, sech auszetauschen an déi finanziell Moyene mussen esou rationell wéi méiglech agesat ginn. D’Projete fir méi Sport a Beweegung sollen nohalteg sinn.

Ausgetosch gouf sech am Kader vu Workshoppen. Et gouf zu Lëpschent vill iwwer Sport a Beweegung geschwat, mee dës Sujeten goufen och e bësse praktesch ëmgesat.