Kansas City Chiefs a Philadelphia Eagles stinn am Super Bowl

E Sonndeg den Owend respektiv an der Nuecht op e Méindeg konnte sech béid Favoritten an den "Halleffinalle" virum Super Bowl duerchsetzen.
An der éischter Partei vum Owend war et d'Finall vun der NFC. Hei sinn d'Washington Commanders op Philadelphia bei d'Eagles gereest. D'Ekipp aus der amerikanescher Haaptstad huet mat vill Mutt ugefaangen, ass zwee Mol beim véierte Versuch gaangen an huet och mat engem Trickspillzuch amplaz vum Punt Meter konnte maachen. Trotz allem si just dräi Punkten erausgesprongen. D'Eagles hu mat engem Spillzuch geäntwert: De Barkley huet de Ball iwwer 60 Yards an d'Endzon gedroen. An genau dës Ufanksphas resuméiert u sech de Match ganz gutt: Washington huet vill probéiert an ass Risiken agaangen, mä et waren d'Eagles, déi sech belount hunn a Punkten op d'Tafel bruecht hunn. Den enkste Score gouf et nach beim 12:14 fir d'Eagles, ma dono ass d'Ekipp aus Philadelphia fortgeflunn. An der Paus scho ware si 27:15 vir an hunn deen Ecart lues awer sécher ausgebaut. Grad am leschte Véierel ass de Commanders näischt méi gelongen an d'Eagles hunn dësen 21:0 fir sech decidéiert. Esou wannen d'Eagles ganz kloer mat 55:23.
Méi interessant war d'Partie vun der AFC, well do goung et ëmmer nees hin an hier. Déi éischt Hallschent hat kloer de Kansas City Chiefs gehéiert, déi si mat 21:16 fir sech entscheet hunn. Den drëtte Quarter dogéint si wéineg Punkte gefall, keng bei den Chiefs mä dofir 6 bei de Buffalo Bills. Dat ass also duergaangen, datt si d'Partie konnten dréinen a mat 22:21 an déi lescht Minutte gaange sinn. Do awer sollten d'Chiefs Blat nees dréinen a si mat engem Touchdown plus Two-Point-Conversion nees 7 Punkten a Féierung gaangen. No awer grad emol véier Minutten hunn d'Bills nees ausgeglach. Dono huet d'Defense vu Buffalo de Patrick Mahomes a seng Chiefs aus der Endzon erausgehalen a "just" e Fieldgoal zougelooss. Mat awer nach dräi Minutten a 37 Sekonnen haten d'Bills duerchaus nach d'Chance, fir auszegläichen oder esouguer a Féierung ze goen. Ma och hei war d'Defense vum Géigner do. Mat nach 2 Minutten op der Auer haten d'Bills beim véierte Versuch nach 5 Yards ze goen, dat an der eegener Hallschent. Si sinn de Risiko agaangen an hunn et probéiert, et ass hinnen awer net gelongen. Esou hunn d'Chiefs de Ball zeréckkritt an hunn d'Zäit auslafe gelooss. Si wanne zum Schluss verdéngt eng enk a spannend Partie.
De Super Bowl ass Lëtzebuerger Zäit um 0:30 an der Nuecht vum 9. op den 10. Februar. D'Chiefs treffen do am Caesars Superdome zu New Orleans op d'Eagles.