De brasilianesche Superstar a säi saudi-arabesche Patron hu wuel e Schlussstréch ënnert hiren deieren Aarbechtsvertrag gezunn.

Nodeem de Brasilianer an de leschte 17 Méint just siwe Mol um Terrain fir Al-Hilal stoung, huet de Veräin an der Nuecht op en Dënschdeg d'Opléise vum Vertrag matgedeelt. Dëst wuel a béidsäitegem Accord, wéi et heescht. Brasilianesche Medien no soll den 32 Joer alen Neymar schonn dës Woch a Brasilien reesen, fir beim FC Santos, dem Neymar no säi Liblingsveräin, ze ënnerschreiwen.

"Merci a vill Gléck", huet Al-Hilal ganz salopp op Instagram geschriwwen. D'Saudien haten den Neymar am Summer 2023 fir 90 Milliounen Euro vum PSG an d'Wüüst gelackelt. Ma no engem Kräizbandrëss bei engem Match mat der Nationalekipp am Oktober 2023 géint Uruguay a rezente Problemer mam Uewerschenkel, war den Neymar ganz aus dem Kader fir d'Réckronn vun der nationaler Liga erausgeflunn.

Rezent stoungen dem Wiessel vum Neymar a Brasilien nach just Suen am Wee, well vertraglech hätt Al-Hilal dem Brasilianer nach misste 65 Milliounen Euro iwwerweisen. Op dës Sue soll den Ugräifer elo wuel verzicht hunn. Zu Santos, wou den Neymar virun 12 Joer scho gespillt huet, éier hien op Barcelona gewiesselt ass, soll een awer just e Kontrakt bis Mëtt vum Joer kréien. Insider ginn awer dovunner aus, datt hie sech komplett beim Veräin, fir deen de Pelé schonn um Terrain stoung, op d'WM 2026 preparéiere kéint. Et gëtt och spekuléiert, datt de Papp vum Neymar an noer Zukunft de Veräin Iwwerhuele kann, andeem hien d'Majoritéit vun de Parte vum Santos Futebol Clube kritt.