Dëse Weekend wäert dëst Virgoen, wat ee schonn aus dem American Football kennt, eng éischte Kéier an der Bundesliga getest ginn.

D'Zil vum Projet ass der DFL no ganz kloer: Méi Transparenz an d'Decisioune vun den Arbitter bréngen. Passéiere wäert dat awer net iwwerall bei eisen däitschen Noperen. Et ass elo vum 20. Spilldag un emol a fënnef Stadie vun der 1. an 2. Bundesliga geplangt, fir ëmzesetzen. D'Veräiner, déi matmaachen, hate sech fir de Pilotprojet fräiwëlleg gemellt. Gestart gëtt emol an néng Partien aus den zwou héchsten däitsche Futtballligen.

Awer net all Zeen wäert vum Arbitter kommentéiert ginn. Hie wäert sech just un d'Zuschauer riichten, wann et ëm eng Decisioun geet, déi hie sech nach eng Kéier um Bildschierm ugekuckt huet oder wann hie seng Decisioun, déi hien um Terrain getraff huet, no Ofsprooch mam Video-Assistent revidéiert. Iwwert e Mikro am Headset wäert sech den Arbitter dann un de Public riichten, am Stadion ass dëst iwwer d'Hautparleuren ze héieren. D'Zuschauer ginn informéiert, wéi eng Zeen den Arbitter sech ugekuckt huet an och, wat seng endgülteg Decisioun ass. Och wäert dës Analys via d'Medien un d'Zuschauer, déi de Match op der Tëlee kucken, iwwerdroe ginn.

Néng Veräiner hate sech gemellt, fir beim Pilotprojet matzemaachen, schreift d'"Deutsche Fussball Liga", kuerz DFL, op hirem Site. Dëst si Bayern München, Borussia Dortmund, Eintracht Frankfurt, Freiburg, Bayer Leverkusen, RB Leipzig a St. Pauli aus der 1. Bundesliga a Fortuna Düsseldorf a Greuther Fürth aus der 2. Bundesliga. Eng éischte Kéier ass dëse System dann dëse Weekend bei fënnef Partien am Asaz:

  • Fortuna Düsseldorf – SSV Ulm 1846 Fußball (Samschdeg, 1. Februar, 13:00 Auer)
  • FC Bayern München – Holstein Kiel (Samschdeg, 1. Februar, 15:30 Auer)
  • FC St. Pauli – FC Augsburg (Samschdeg, 1. Februar, 15:30 Auer)
  • Eintracht Frankfurt – VfL Wolfsburg (Sonndeg, 2. Februar, 15:30 Auer)
  • Bayer 04 Leverkusen – TSG Hoffenheim (Sonndeg, 2. Februar, 17:30 Auer)