Manchester City a PSG si mat Victoirë géint Bruges a Stuttgart en Tour weiderkomm. Aston Villa huet et donieft direkt an d'1/8-Finall gepackt.

E Mëttwoch den Owend war an der Champions League de leschte Liga-Spilldag. Elo geet et an d'K.o.-Phas. An dëser ass mam Leandro Barreiro ee Lëtzebuerger vertrueden. Hien huet sech mat Benfica Lissabon fir de Playoff qualifizéiert.

Déi éischt aacht Ekippen hu sech direkt fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert an hu beim Allersmatch Heemrecht. Dës ginn de 4./5. an 11./12. Mäerz gespillt.

  • Liverpool
  • Barcelona
  • Arsenal
  • Inter Mailand
  • Atlético Madrid
  • Leverkusen
  • Lille
  • Aston Villa

Déi weider aacht Tickete fir d'Aachtelsfinalle ginn an de Playoffs verdeelt. Fir dës hu sech d'Veräiner op de Plazen 9 bis 24 qualifizéiert. Hei kann et zu folgenden Dueller kommen:

  • Bergamo an Dortmund kréien et entweder mat Sporting oder Bruges ze dinn
  • Real a Bayern kréien et entweder mat Celtic oder Manchester City ze dinn
  • AC Mailand a PSV kréien et entweder mat Feyenoord oder Juventus ze dinn
  • PSG a Benfica kréien et entweder mat Monaco oder Brest ze dinn

Den Tirage vun de Playoffs an dem weidere Verlaf vum Tournoi ass e Freideg, den 31. Januar. D'Playoffs ginn den 11./12. an 18./19. Februar gespillt.

Fir dës Veräiner ass déi europäesch Aventure an dëser Saison eriwwer:

  • Zagreb
  • Stuttgart
  • Bologna
  • Donezk
  • Sparta Prag
  • Leipzig
  • Girona
  • Belgrad
  • Sturm Graz
  • Salzburg
  • Bratislava
  • Young Boys Bern

Eenzel Matcher vum Owend erausgepickt

VfB Stuttgart - PSG 1:4
0:1 Barcola (6'), 0:2 Dembélé (17'), 0:3 Dembélé (35'), 0:4 Dembélé (54'), 1:4 Pacho (78', Selbstgol)

Zu Stuttgart war de Match schonns no 35 Minutten entscheet. De Barcola an den Dembélé (2x) haten de Ball am Filet ënnerbruecht. Stuttgart hat e puer Geleeënheeten, mee de PSG hat alles am Grëff an ass dominant opgetrueden. An der 2. Hallschent huet sech Stuttgart méi gewiert a sollt nom 0:4 mat engem Éieregol belount ginn. Méi war awer net méi dran an de PSG konnt um Enn souverän mat 4:1 wannen.

D'Goler vun der klorer Victoire vum PSG
Stuttgart konnt näischt géint Dominanz vun de Fransouse maachen an hu verdéngt verluer.

FC Barcelona - Atalanta Bergamo 2:2 a Brest - Real Madrid 0:3

D'Resuméë vun de Partië Barcelona - Bergamo a Brest - Real Madrid
Kee Gewënner gouf et tëscht Barca a Bergamo. Brest hat keng Chance géint Real Madrid.

FC Bayern - Bratislava 3:1 an Dortmund - Donezk 3:1

D'Resuméë vun de Partië Bayern - Bratislava an Dortmund - Donezk
Béid däitsch Veräiner konnte sécher Victoirë feieren.

Manchester City - Bruges 3:1 a Juventus Turin - Benfica Lissabon 0:2

D'Resuméë vun de Partië ManCity - Bruges a Juventus - Benfica
D'Englänner konnten hier Partie no Réckstand nach wannen. Benfica mam Leandro Barreiro huet sech bei der Juve duerchgesat.

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Sou geet et an der Kinneksklass vum Futtball weider

Auslousung Playoffs fir d'K.o.-Phas: 31. Januar 2025
Playoffs: 11./12. an 18./19. Februar 2025
Auslousung Aachtelsfinallen, Véierelsfinallen an Halleffinallen: 21. Februar 2025
Aachtelsfinallen: 4./5. an 11./12. Mäerz 2025
Véierelsfinallen: 8./9. a 15./16. Abrëll 2025
Halleffinallen: 29./30. a 6./7. Mee 2025
Finall: 31. Mee 2025 zu München