Däitsch Medien haten et schonn e Mëttwoch am fréien Owend gemellt. Nom Champions-League-Match koum d'Confirmatioun vum BVB.

Den 53 Joer ale Kovac gëtt domadder de Successeur vum Nuri Sahin als Cheftrainer. Dortmund steet an der Bundesliga den Ament nëmmen op Plaz 11. De Retard op déi véiert Plaz, bei där een d'nächst Saison géing Champions League spillen, läit bei sechs Punkten. Am DFB-Pokal war Dortmund schonn an der zweeter Ronn beim VfL Wolfsburg eliminéiert ginn.

De Kovac war an der Vergaangenheet ënnert anerem Trainer bei Bayern München, dem VfL Wolfsburg, Eintracht Frankfurt an der AS Monaco. Zu Wolfsburg war de Kovac am Mäerz 2024 entlooss ginn.

De Sahin war no der Néierlag géint Bologna an der Champions League entlooss ginn. Den Interim mécht den Trainer vun de Junioren Mike Tullberg. Hie wäert nach e Samschdeg an der Bundesliga géint Heidenheim op der Bänk sëtzen. E Sonndeg iwwerhëlt dann de Kovac, sou de Sportchef Lars Ricken nom Champions-League-Match géint Donezk e Mëttwoch den Owend.