Trotz der Néierlag géint Braga bleift Lazio 1. an der Tabell a Braga verpasst ganz knapp nach de Sprong an d'Playoffs

Et war den aachten a leschte Spilldag aus dëser neier Ligaphas vun der Europa League. Wärend verschidden Ekippen, wéi Lazio Roum, Eintracht Frankfurt oder och Athletic Bilbao scho sécher oder quasi sécher an der Aachtelsfinall stoungen, hunn nach vill Ekippen drëm gekämpft, fir dës z'erreechen oder sech zumindest fir d'Playoffs ze qualifizéieren. Fir anerer goung et da just nach ëm d'Éier oder op d'mannst ëm déi éischt Victoire an dëser Campagne.

Déi éischt aacht Ekippe sinn direkt fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert a mussen net iwwert d'Playoffs do erakommen:

  • Lazio Roum
  • Athletic Bilbao
  • Manchester United
  • Tottenham Hotspur
  • Eintracht Frankfurt
  • Olympique Lyon
  • Olympiakus Piräus
  • Glasgow Rangers

Fir d'Ekippe vun de Plazen 9 bis 24 heescht et, datt et an d'Playoffs geet. An hei ass et wéi och an der Championsleague, wat s de méi héich placéiert bass, wat s de méi en einfache Géigner kriss, oder ëmgedréint. Dat heescht, datt den 9. oder 10. den 23. respektiv 24. zougeloust kënne kréien an den 11. oder 12. op den 21. oder 22. kënnen treffen, a sou weider. Qualifizéiert fir d'Playoffs sinn:

  • FK Bodo/Glimt
  • RSC Anderlecht
  • FCSB Bukarest
  • Ajax Amsterdam
  • Real Sociedad
  • Galatasaray Istanbul
  • AS Roum
  • Viktoria Pilsen
  • Ferencvaros Budapest
  • FC Porto
  • AZ Alkmaar
  • FC Midtjylland
  • PAOK
  • Twente Entschede
  • Fenerbahce Istanbul

All d'Ekippe vu 25 bis 36 sinn eraus. An anescht, wéi déi Jore virdrun an wéi och an der Champions League: Et gi keng Lucky Loser, déi elo an d'Conference League erof dierfen:

  • Sporting Braga
  • IF Elfsborg
  • TSG Hoffenheim
  • Besiktas Istanbul
  • Maccabi Tel Aviv
  • Slavia Prag
  • Malö FF
  • Rigas FS
  • Ludogorez Rasgard
  • Dynamo Kiew
  • OGC Nice
  • Qarabag Agdam

Eenzel Matcher vum Owend erausgepickt

Frankfurt war quasi sécher an der Aachtelsfinall a Roum huet missten dräi Punkten huelen, fir aus eegener Kraaft an d'Playoffs kommen ze kënnen. Doheem wollt d'Roma déi 3 Punkten och huelen an huet alles no vir gehäit. Eleng an den éischte 45 Minutten hate si 11 zu 2 Ofschlëss a waren duerch e Gol vum Angelino kuerz virun der Paus och a Féierung gaangen. Fir e quasi séchert Weiderkommen huet dunn den zweete Gol vum Shomurodov an der 69. Minutt gesuergt. Beim 2:0 sollt et och bleiwen.

Virun der Partie haten d'Glasgow Rangers an d'Union Saint-Gilloise béid 11 Punkten a stoungen op de Plazen 13 respektiv 15. Domadder ware béid sécher duerch, well et och direkt Dueller vun den Ekippe gouf, déi si reng rechneresch nach hätte kéinten iwwerhuelen. Et sollt awer net wierklech den Dag vun der Ekipp aus der Belsch ginn. No 21 Minutte huet de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris eng éischte Kéier den Duell géint de Raskin verluer an 8 Minutte méi spéit huet de VAR de Gol vum Ivanovic zum Ausgläich net unerkannt. Änlech wéi an der 44. Minutt de presuméierten 2:0 ware béiden Treffer eng Abseitspositioun virausgaangen. 10 Minutten no der Paus huet den Cerny du souguer nach op 2:0 fir d'Rangers gesat. No 84 Minutten dunn de Jubel vun der Ekipp aus der Belsch. An dat zwee Mol. Eng Kéier direkt nom Gol an eng zweete Kéier, nodeem den Arbitter dësen och ugeholl huet, nodeem hie sech d'Zeen beim VAR eng weider Kéier ugekuckt hat. Méi sollt de Belsch awer net geléngen, déi awer trotz der Néierlag nach an d'Playoffs kommen.

Net an de Playoffs virun dëser Partie war Porto. Bei Maccabi Tel Aviv huet een dowéinst misste gewannen, fir nach eng Chance ze hunn, iwwerhaapt weiderzekommen. Den Nico huet d'Portugisen an der 58. Minutt a Féierung geschoss a well et bei deem Gol bliwwen ass, hunn d'Portugise sech um leschte Spilldag konnte fir d'Playoffs qualifizéieren.

Déi komplett Resultater

D'Tabell

Wéi geet et weider?

D'Playoffs ginn den 13. an 20. Februar gespillt an d'Aachtelsfinalle sinn de 6. an 13. Mäerz. D'Véierelsfinalle si Mëtt Abrëll, also den 10. an de 17. an direkt Ufank Mee, 1. an 8., ginn d'Halleffinalle gespillt. D'Finall ass dann den 21. Mee zu Bilbao am Estadio de San Mamés.