D'Patrizia van der Weken ass d'Aushängeschëld
Enn Januar ass ëmmer déi traditionell Kaderrevisoun vum COSL. Dëst Joer hunn 43 Leit et an den Elite- an 58 an de Promotiounskader gepackt.
Nei am Elitekader ass d'Powerlifterin Ankie Timmers.
No engem Olympesche Joer sinn dëst Joer 7 Leit manner am Elittekader. Zum Deel huet dat domadder ze dinn, datt d'Christine Majerus (Cyclissem), de Pit Klein (Bouschéissen) an och de Bob Bertemes (Liichtathletik), déi nach op den Olympesche Spiller mat dobäi waren, dem Spëtzesport Äddi gesot hunn a sech zum Deel anescht orientéieren. Mam Charlotte Bettendorf an dem Bob Haller, deen an Tëschenzäit och an déi sportlech Pensioun gaangen ass, konnten awer och zwee Leit net méi zeréckbehale ginn, well si géint d'Anti-Dopping-Reegele verstouss hunn.

© Roladn Miny
Den Directeur Technique vum COSL huet wärend der Pressekonferenz e Freideg gesot, datt d'Liichtathletin Patrizia van der Weken den Ament d'Aushängeschëld vum Lëtzebuerger Sport ass. Déi Federatioun, déi awer am stäerksten am Elite respektiv Promotiounskader vertrueden ass, ass d'Vëlos-Federatioun. An Zukunft gëtt dru geduecht, fir en vue vun Europa- a Weltmeeschterschaften an awer och mat Bléck op d'Olympesch Spiller eng Lëtzebuerger Contre-la-Montre-Ekipp ze fërderen.
Bei den Ekippen ass de Mixte Compound (Bouschéissen) nei am Kader. Et verwonnert awer e bëssen, datt d'Basket-Dammennationalekipp net vertrueden ass. Schliisslech huet si gutt Chancen, sech fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren. Hei misst ee sech beim COSL Gedanke maachen, wéi een an Zukunft mat den traditionellen Ekippesportaarten ëmgeet, huet de Raymond Conzemius gesot.
Wéi och an de viregte Jore ginn déi Lëtzebuerger Wantersportler réischt am Mee evaluéiert.