Asensio op Aston Villa, Batshuayi op Frankfurt an Tel op Tottenham

De Mathys Tel wiesselt dann elo awer bei d'Tottenham Hotspur.
E Méindeg ass d'Wanter-Transfert-Period am europäesche Futtball op en Enn gaangen, an do war nach emol e bëssen eppes lass op de leschte Stëppel.
Um leschten Owend huet Frankfurt nach de Belsch Michy Batshuayi vun Istanbul ënner Kontrakt geholl.
De Spuenier Marco Asensio gëtt vum PSG op Aston Villa ausgeléint.
De Leandro Barreiro a Benfica Lissabon kréie mam italieeneschen Nationalspiller Andrea Bellotti en neie Stiermer.
De Fransous Mathys Tel gëtt vu Bayern München elo awer un d'Tottenham Hotspur ausgeléint, dat ouni Kafoptioun. De Gabriel Vidovic war u Mainz ausgeléint a geet elo awer direkt zeréck op München. Säi Kontrakt verlängert huet iwwerdeems de Manuel Neuer. Hie bleift bis de Summer 2026 beim FC Bayern München.
De Schweed Daniel Svensson gëtt vum FC Nordsjaelland u Borussia Dortmund ausgeléint, dat mat enger Kafoptioun. Vum FC Chelsea kënnt dann de Mëttelfeldspiller Carney Chukwuemeka. Och fir dee gëtt eng Kafoptioun ginn, déi et nawell a sech soll hunn.
Den André Silva vun RB Leipzig gëtt bis Enn vun der Saison u Werder Bremen ausgeléint.
Manchester City huet sech dann d'Déngschter vum Mëttelfeldspiller Nico González geséchert.
De João Feliz gëtt da bis Enn vun der Saison vun Chelsea un den AC Mailand ausgeléint. Domadder awer net genuch, och de Mexikaner Santiago Gimenez kënnt vu Feyenoord Rotterdam, de Fransous Warren Bondo vum AC Monza an den Italiener Riccardo Sottil vun AC Florenz sollen den AC Mailand verstäerken.