Lars Gerson huet zu Nidderkuer ënnerschriwwen
De Progès Nidderkuer huet den Dënschdeg de Mëtteg dräi nei Spiller virgestallt, déi de Veräin aus dem Süden an der Réckronn verstäerke wäerten.
Ënnert hinnen ass en aktuellen Nationalspiller, de Lars Gerson. Och wann den Defenseur weider Offeren hat, huet sech de Lars Gerson decidéiert, no 27 Joer erëm fir e Lëtzebuerger Veräin ze spillen.1998 huet sech de Lars Gerson decidéiert, zesumme senger Mamm an Norwegen ze plënneren a sengem Club SC Beetebuerg de Réck ze dréien.
Aus dem Defensiv-Allrounder ass e Profi ginn, dee seng ganz Karriär iwwer, ausser e klengen Ofstiecher a Spuenien, ëmmer an Norwegen a virun allem a Schweden gespillt huet. Am Mäerz 2008 ass de Lars Gerson Lëtzebuerger Nationalspiller ginn. Aktuell huet hie 97 Selektiounen.

© Val Wagner (Archiv)
Nodeems säi Kontrakt bei Kongsvinger net méi verlängert gouf, huet de Lars Gerson en neie Veräin gesicht. Déifferdeng a Stroossen waren interesséiert an et gouf och Offeren aus Skandinavien, Asien an Zypern, mee de 34 Joer ale Spiller huet sech fir de Progrès decidéiert. De Lars Gerson ass sécherlech eng Verstäerkung fir Nidderkuer, bei deenen hien elo fir annerhalleft Joer ënnerschriwwen huet. De Progrès ass Fënneften an der Tabell an huet schonn 11 Punkte Retard op de Leader Déifferdeng. Dofir ass d'Formatioun vum Jeff Strasser matzen am Kampf ëm déi zwou aner europäesch Plazen.