Weltstar annoncéiert, neit Maskottche kritt
Den CS Suessem hat annoncéiert e grousse Spiller an d'Ekipp ze kréien. Vill gouf spekuléiert. Um Dënschdeg gouf e Maskottche fir d'Jugendekipp virgestallt.
Déi lescht gouf an de soziale Reseaue vill spekuléiert. Den CS Suessem, e Futtballclub aus der 1. Divisioun, hat op Facebook annoncéiert, dass e grousse Spiller géif an hir Reie stoussen.
De President Corrado Fecchi erkläert: "Mir haten e Promo -Video gedréint, fir e bësse Werbung ze maachen, fir eis Jugend. Mir haten net mat esou engem Buzz, wéi ee seet, gerechent. Mir hunn do Nimm héiere vu Serge Aurier, bis aner Superstaren. A la fin du compte war dat Ganzt eebe just fir eis Jugend."
Deen een oder anere Jugendspiller vu Suessem hat sech wuel och méi erwaart, genee wéi verschidde Leit déi an de soziale Medie matspekuléiert haten.
Bei de Kanner war awer déi grouss Freed um Dënschdegowend ausgebrach. Bei Heem-Matcher an Turnéiere soll de Maskottchen d'Jugend ënnerstëtzen an encouragéieren, esou de President.

Jugend-Aarbecht als wichtege Pilier
Den CS Suessem wier een éischter klenge Veräi mat net ville finanzielle Moyenen, dofir misst ee méi kreativ sinn. Jonk Spillerinnen a Spiller reegelrecht um Ball ze halen, wier net evident.
"Also eis Prioritéit ass natierlech d'Jugend. Mir hunn elo déi lescht zwee dräi Joer wierklech mam ganze Kommitee an och mat eise Jugendtraineren enorm vill geschafft. Et kann ee wierklech feststellen, säit Covid wierklech déi lescht zwee dräi Joer, ass et bei eis hei zu Suessem explodéiert. Eisen Terrain platzt och aus allen Néiten."
Den CS Suessem huet ronn 250 aktiv Jugendspiller.
Wisou de Numm Schlippi?
Den Numm Schlippi géif vun engem Fest, dat een zu Suessem organiséiert, kommen a wier an der Gemeng e Begrëff, esou de Corrado Fecchi.
D'Nowuessspiller géifen elo d'Méiglechkeet kréien, e Virnumm fir d'Maskottchen erauszesichen. Schlippi wier de "Familljennumm".