Stuttgart steet an der Halleffinall vum DFB-Pokal, Bologna eliminéiert Atalanta

© AFP
En Dënschdeg den Owend waren nieft jeeweils enger Partie am DFB-Pokal, der Copa del Rey an der Coppa Italia och Matcher an der Coupe de France.
Am DFB-Pokal an Däitschland konnt sech de VfB Stuttgart fir d'Halleffinalle qualifizéieren. D'Ekipp vum Trainer Sebastian Hoeneß huet sech duerch e Gol vum Deniz Undav an der 30. Minutt ma 1:0 géint Augsburg duerchgesat.
An der Coppa Italia huet sech Bologna mam nämmlechte Resultat géint Atalanta behaapt. De Castro huet den decisive Gol markéiert. Bologna steet domat an der Ronn vun de leschte 4.
A Spuenien huet Atlético Madrid an der Véierelsfinall vun der Copa del Rey kloer mat 5:0 géint Getafe gewonnen. D'Goler goufe geschoss vu Simeone (2x), Lino, Correa a Sörloth.
A Frankräich stoungen dräi Aachtelsfinalle vun der Coupe de France um Programm. Stade Brest gewënnt mat 2:1 géint Troyes aus der Ligue 2. Mat Dunkerque huet iwwerdeems een Zweetligist fir eng fauschtdéck Iwwerraschung gesuergt. No Eelefmeterschéissen huet Dunkerque nämlech Lille aus der Ligue 1 eliminéiert. De PSG gewënnt iwwerdeems mat 2:0 géint Le Mans aus der drëtter Liga.