E Mëttwoch den Owend si weider Coupe-Matcher an Däitschland, Frankräich, Italien a Spuenien gespillt ginn.

Am DFB-Pokal huet Leverkusen sech an der Véierelsfinall no Verlängerung 3:2 géint Köln aus der 2. Bundesliga duerchgesat. Den Zweetligist louch duerch Goler vun Downs a Maina mat 2:0 a Féierung, ier de Schick an der 61. an an der 95. Minutt markéiere konnt. Domat huet den Titelverdeedeger sech a leschter Sekonn an d'Verlängerung gerett. An der 98. Minutt huet de Boniface dunn den decisive Gol geschoss.

Am engleschen EFL Cup huet Newcastle an der Halleffinall mat 2:0 géint Arsenal gewonnen. De Murphy huet an der 19. Minutt den 1:0 geschoss, ier de Gordon an der 52. Minutt fir d'Schlussresultat gesuergt huet.

Mat Cannes huet et eng Ekipp aus der véierter Liga an d'Véierelsfinall vun der Coupe de France gepackt. De Véiertligist gewënnt mat 5:3 géint Dives aus der 5. Divisioun. Donieft huet Guingamp aus der Ligue 2 mat 2:0 géint Toulouse aus der Ligue 1 gewonnen, iwwerdeems Angers Stroossbuerg mat 3:1 eliminéiert huet. Stade Briochin aus der véierter Divisioun ass iwwerdeems déi gréissten Iwwerraschung gelongen. De Véiertligist konnt nämlech Nice aus der Ligue 1 mat 2:1 klappen.

An der Coppa Italien steet den AC Mailand no enger 3:1-Victoire géint d'AS Roum an der Halleffinall. Zwee Goler vum Tammy Abraham an ee Gol vum Joao Felix op Säite vu Milan an nëmmen een eenzege Gol fir Roum, dat a Persoun vum Dovbyk.

Real Madrid steet duerch e Last-Minute-Gol an der Ronn vun de leschte 4 an der Copa del Rey. Déi Kinneklech louchen duerch Goler vu Modric an Endrick scho mat 2:0 géint Leganes a Féierung, ier de Cruz mat zwee perséinleche Goler egaliséiere konnt. An der 93. Minutt huet de Garcia dunn den 3:2 fir Real markéiert.