D'Lëtzebuergerin ass beim Meeting zu Karlsruhe e Chrono vu 7,13 Sekonne gelaf.

Dräi Deeg no hirer Victoire zu Ostrava an der Tschechescher Republik huet d'Patrizia van der Weken och beim Meeting zu Karlsruhe an Däitschland d'Course iwwer 60 Meter gewonnen.

D'Lëtzebuergerin ass e Freideg den Owend e Chrono vu 7,13 Sekonne gelaf. Domadder ass si 6 Honnertstel iwwer hirem nationale Rekord bliwwen.

Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Franséisin Gémima Joseph (7,15 Sekonnen) an d'Schwäizerin Géraldine Frey (7,16 Sekonnen) gelaf.