Am gutt gefëllten Äispark zu Beefort war e Samschdegowend de Retourmatch am belsche Championnat tëscht de Beefort Knights an Olympia Heist.

No der knapper 3:4-Néierlag d'lescht Woch bei de Belsch hunn d'Knights dës Kéier déi dräi Punkte wollten doheem halen.

Zanter elo siwe Joer spillt déi Lëtzebuerger Äishockey-Ekipp am belsche Championnat mat. No engem schwéiere Saisonstart an e puer Schwieregkeete konnten d'Beefort Knights sech als Aachte klasséieren a spillen deemno an der zweeter Ronn an der Divisioun 1B.

Et war eng Partie op Aenhéicht, an där sech keng vun den zwou Ekippen eppes geschenkt huet. D'Beefort Knights hunn de Match net optimal ugefaangen a sinn no aacht Minutten a Réckstand geroden.
D'Haushären hu probéiert, séier zréckzeschloen, an dat sollt dem Teemu Hinkula geléngen, dee schonn no véier Minutten den Ausgläich markéiert huet. Dëse sollt awer nëmme kuerz halen, well keng 15 Sekonne méi spéit konnten d‘Gäscht nees a Féierung goen. Mat dem knappe Réckstand goufen d'Säiten nom éischten Drëttel gewiesselt.

Beefort ass staark zeréck op d'Äis komm: Als éischt huet den Artemij fir den 2:2 gesuergt a just dräi Minutte méi spéit konnt de Welter mat engem herrleche Gol d'Haushären a Féierung schéissen. Ma d’Knights hätten an der Suite d'Féierung missen ausbauen, mee dat ass hinnen net gelongen. A sou konnten d'Gäscht vun Heist mat zwee Goler den Avantage nees hierstellen.

Wéi schonn am zweeten Drëttel ass Beefort och gutt an déi lescht Phas vum Match gestart an et war de Kapitän Claude Mossong, deen de 4:4-Ausgläich markéiert huet. Mat de Supporter am Réck wollten d'Knights déi dräi Punkte lo mat aller Kraaft doheem behalen, an esou war et de Spillertrainer Aspirov, dee mat der neier Féierung de Grondstee fir d'Victoire geluecht huet. Heist huet wuel nach eng Kéier probéiert, zréck an de Match ze fannen, mee ouni Erfolleg. Dräi Minutte viru Schluss konnt de Martin Fleichmann den Deckel dropmaachen a fir déi verdéngt 6:4-Victoire fir Beefort suergen.

Um Enn sinn et dräi wichteg Punkte fir d'Beefort Knights, déi domat an der Tabell laanscht Olympia Heist op déi zweet Plaz zéien.