Am Moment ass jo d‘Weltmeeschterschaft am Schi-Alpin zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich amgaangen.

Lëtzebuerg ass mat fënnef Athlete vertrueden. Zwou Damme mam Gwyneth Ten Raa a mam Joyce Ten Raa, a mat dräi Hären, dem Matthieu Osch, dem Joachim Keghian an dem Nikolaj Lindfors. D‘FLS-Athlete gi bei den techneschen Disziplinne Slalom a Riseslalom un den Depart.

Bei den Damme gesäit et aktuell mat den Inscriptiounen esou aus, wéi wa keng Qualifikatioun misst gefuer ginn.
D‘Damme fueren de Riseslalom en Donneschdeg. Bei den Hären ass do d‘Qualifikatioun, an den Dag drop d‘Finall.
E Samschdeg ass dann am Slalom deen nämmlechte Prinzip. D‘Dammen hunn d‘Finall an d‘Hären d‘Qualifikatioun. E Sonndeg steet da fir d‘Hären d‘Finall um Programm.

Déi 50 bescht Schifuerer aus der Lëscht vun der internationaler Schifederatioun sinn d‘office fir d‘Finall qualifizéiert. Déi 25 séierst aus der Qualifikatioun, bei ronn 100 Sportler déi um Depart wäerte sinn, kommen dann nach an d‘Finall dobäi. Donieft kann d‘Jury awer och nach 25 Schifuerer vun deenen Natiounen, déi nach net an der Finall vertruede sinn, repechéieren.