President vun Hesper hofft, d'Problemer an de Grëff ze kréien

D'Wanterpaus an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball ass eriwwer, d'Problemer zu Hesper sinn awer nach ëmmer änlech.
D'Onrou hëlt keen Enn...Trainer fort, Spiller, déi nach ëmmer op hir Sue waarden. Virum Weekend war et och d'Nouvelle, datt de Swift elo fir déi nächst 3 Transfertsperioden net méi rekrutéieren däerf, dat ass um Internetsite vun der FIFA, der internationaler Futtballfederatioun, ze liesen.
"Wou natierlech nach Montanten opstinn, déi musse mer nach alleguerte regulariséieren. An esou laang, wéi déi net regulariséiert sinn, ass laut FIFA, kritt een eng Transfertspär. Sou, wann déi bezuelt sinn, gëtt déi natierlech erëm opgehuewen. Dat ass elo dee mannste Problem. Ech soen dat elo doropshin, de Moment ass jo keng Transfertzäit. Ech mengen, déi nächst Transfertzäit, dat ass am Summer a bis dohin ass nach e Stéck. An ech mengen, et sinn esou mannifalteg Léisungen, déi mer nach musse fannen. Ech mengen, dat musse mer mat onsem Sponsor och zesummefannen, wéi mer elo dee ganze Business do bis an d’Summerpaus hei verwalt kréien. Dat ass bestëmmt keng einfach Zäit.", esou de President vun Hesper, de Fernand Laroche.
7 Spiller hunn de Veräin vum Holleschbierg och an de leschte Woche verlooss. Op d'mannst op sportlechem Plang ass d'Reprise no der Wanterpaus fir de Swift mam 3:0-Succès géint d'US Hueschtert gegléckt. An der Tabell huet sech Hesper op déi drëtte Plaz verbessert.