An den Allersmatcher vun de Playoffs ass fir eise Lëtzebuerger Nationalgolkipp am Déngscht vun der Union Saint-Gilloise net alles riicht gelaf.

Fir de Veräin aus der Peripherie vun der belscher Haaptstad Bréissel war den Duell mat dem Veräin aus der hollännescher Haaptstad alles anescht wéi ideal gelaf. No 23 Minutten hate sech d'Spiller vun der Union Saint-Gilloise gefreet, well den David markéiert hat, ma de VAR huet de Gol wéinst Abseits zeréckgeholl. Bis zu der 59. Minutt sollt dann net méi vill a puncto Goler passéieren, ma dunn hat de Rasmussen an Déngscht vun Ajax Amsterdam de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris iwwerwonnen an d'Hollänner a Féierung bruecht. Knapp 12 Minutte méi spéit huet de Mokio op 2:0 gesat. D'Belsch konnte sech vun dësem Réckstand net méi erhuelen a verléieren den Allersmatch domadder ganz kloer. An enger Woch musse si dann ronn 200 Kilometer vun doheem zu Amsterdam untrieden an déi leschte Chance, fir an d'Aachtelsfinall ze kommen, notzen.

An enger zweeter Partie vun dëser Playoff-Ronn huet den AS Roum missten op Porto fléien. Eng vun de Spëtzepartien op dësem Spilldag, wann een d'Nimm bedéngt, war och laang ausgeglach. Eréischt an der 5. Minutt vun der Nospillzäit vun der éischter Hallschent sinn d'Italiener duerch e Gol vum Celik a Féierung gaangen. Porto huet sech vun dësem Réckstand quasi direkt virun der Paus net ënnerkréie gelooss a konnt a Persona vum Moura an der 67. Minutt zeréckkommen, esou datt nees alles op war. Fir d'Gäscht gouf d'Missioun Victoire dunn awer no 73 Minutte méi schwéier, well de Christante seng zwee giel Kaart gesinn huet a vum Terrain gestallt gouf. Porto huet an de Minutten dono probéiert, fir d'Iwwerzuel ze notzen, an huet och deels gudde Fussball gespillt. Eppes Zielbares a Form vun engem Gol ass dobäi awer net erausgesprongen.

Déi komplett Resultater

D'Tabell