Donieft konnt Nidderkuer sech géint Beetebuerg behaapten an d'Fola ass géint Rodange mat 1:5 ënner d'Rieder komm.

No der Déifferdenger Victoire zu Diddeleng um Samschdeg stoung e Sonndeg d'Suite vum 17. Spilldag am Futtball-Championnat um Programm.

Zu Stroossen huet d'Lokalekipp sech souverän mat 3:0 géint Wolz duerchgesat. Schonn no aacht Minutte war de Match fir de Wëlzer Golkipp Ralph Schon eriwwer. Hie war géint de Stroossener Agovic ze spéit drun a gouf nom Foul mat Rout vum Terrain gestallt. D'Haushären hunn de Match an Iwwerzuel dominéiert an den Nogueira huet kuerz virun der Paus eng vun de Geleeënheeten op den éischte Gol genotzt. Direkt nom Säitewiessel war et dunn nach eemol de Nogueira, deen op 2:0 stelle konnt a fir d'Virentscheedung gesuergt huet. No 90 Minutten huet den Nogueira d'Partie mat sengem 3. Gol vum Dag endgülteg entscheet, soudass Stroossen an der Tabell un Hesper a Racing drubleift.

De Progrès huet déi éischt Minutte géint den Opsteiger aus Beetebuerg dominéiert, ma nodeems eng Rei Occasiounen ongenotzt bloufen huet ee sech schwéier gedoe fir Chancen erauszespillen. Nidderkuer ass no den éischte 45 Minutte verbessert aus de Kabinne komm a konnt duerch e Kappball vum Natami verdéngt a Féierung goen. Och Beetebuerg ass du méi aktiv ginn an huet vereenzelt offensiv Akzenter gesat, et sollt um Enn awer bei der knapper 1:0-Victoire bleiwen.

Zu Hueschtert war de Racing virun der Paus spillbestëmmend an huet e puer gutt Chancë leie gelooss. Och nom Säitewiessel waren d'Visiteure méi geféierlech, ma de Ball sollt de Wee an de Gol awer net fannen. An der Nospillzäit war et dunn op der anerer Säit den Avdusinovic, dee mat engem placéierte Schoss den 1:0 markéiert an déi 3 Punkte geséchert huet.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Stroossen - Wolz 3:0

1:0 Nogueira (45+3'), 2:0 Nogueira (47'), 3:0 Nogueira (90')

Nidderkuer - Beetebuerg 1:0

1:0 Natami (52')

Hueschtert - Racing 1:0

1:0 Avdusinovic (90+2')

Péiteng - Jeunesse 0:0

Hesper - Monnerech 0:0

Munneref - Rouspert 2:3

1:0 Hasanbegovic (43'), 2:0 Hasanbegovic (55'), 2:1 Dossou (67'), 2:2 Vogel (69'), 2:3 Dossou (84')

Fola - Rodange 1:5

0:1 Weishaupt (35'), 0:2 Messuwe (52'), 1:2 Neves (71'), 1:3 Messuwe (76'), 1:4 Atieda (88'), 1:5 Dzanic (90+3')

D'Tabell