Liverpool huet géint d'Wolves eng knapp Féierung iwwer d'Zäit gerett, an der Bundesliga konnt Hoffenheim zu Bremen gewannen.

Bundesliga

Werder Bremen - Hoffenheim 1:3
1:0 Nsoki (7', Selbstgol), 1:1 Stach (28'), 1:2 Bischof (44'), 1:3 Orban (63')

Nodeems Bremen fréi duerch ee kuriéise Selbstgol vum Nsoki a Féierung gaangen ass, huet Hoffenheim d'Spillkontroll iwwerholl. An der 28. Minutt huet de Stach fir de verdéngten 1:1 gesuergt, kuerz virum Säitewiessel huet de Bischof mat engem änleche Gol d'Partie gedréint. An den zweete 45 Minutte war d'Lokalekipp besser am Match, ma den Orban konnt mat engem Kappball no enger Stonn erhéijen. Bremen ass réischt an der Schlussphas nees offensiv geféierlech ginn, et ass awer bei der Néierlag bliwwen.

Eintracht Frankfurt - Holstein Kiel 3:1
1:0 Larsson (18'), 2:0 Tuta (37'), 3:0 Uzun (60'), 3:1 Porath (73')

Frankfurt huet den Tabelleleschten an den éischte 45 Minutten dominéiert a louch verdéngt mat 2 Goler am Avantage. No der Paus huet den Opsteiger aus Kiel besser dogéint gehalen, ma den Uzun huet de Match no enger Stonn entscheet. D'Gäscht hu sech awer net opginn a sinn ëmmer méi zu Ofschlëss komm, soudass de Porath awer nach fir ee verdéngte Gol suerge konnt. Frankfurt bleift domat op Plaz 3 a ka sech vu Leipzig ofsetzen, Kiel ass weiderhi Leschten.

Premier League

Liverpool - Wolves 2:1
1:0 Diaz (15'), 2:0 Salah (37', Eelefmeter), 2:1 Cunha (67')

Liverpool huet sech géint de 17. keng Bléisst ginn a konnt schonn no enger Véierelsstonn duerch den Diaz a Féierung goen. De Kolumbianer gouf dunn och eng 20 Minutten drop am Strofraum gefoult, wouropshin de Salah aus 11 Meter markéiert huet. No der Paus hunn d'Reds allerdéngs staark nogelooss a sou konnt de Cunha eng 25 Minutte viru Schluss den Uschlossgol markéieren. Liverpool huet d'Féierung awer um Enn iwwer d'Zäit gerett a bleift domat Tabelleleader mat 7 Punkte Virsprong.

Tottenham Hotspur - Manchester United 1:0
1:0 Maddison (13')

No enger knapper Véierelsstonn huet de Maddison am géigneresche Strofraum am séierste reagéiert an huet de Ball just mussen iwwer d'Linn drécken. Et war eng animéiert Partie, an där Manchester United e wéineg méi geféierlech war, wat sech awer mam Säitewiessel ännere sollt. Zwar ass et weider hin an hir gaangen, ma d'Spurs hate méi Geleeënheeten op den zweete Gol.

Serie A

Fiorentina - Como 0:2
0:1 Diao (41'), 0:2 Paz (66')

An engem Match ouni vill Golchancen huet Como sech als déi méi effizient Ekipp presentéiert a sou mat 2:0 gewonnen. No engem Konter kuerz virun der Paus konnt den Diao den éischte Gol markéieren, no enger gudder Stonn huet de Paz nach een dropgesat. D'Lokalekipp ass géint eng staark Defense kaum zu Ofschlëss komm an erleit domat e Réckschlag am Kampf ëm déi europäesch Plazen.

Parma - Roma 0:1
0:1 Soulé (33')

Ligue 1

Montpellier - Lyon 1:4
0:1 Mikautadze (3'), 1:1 Coulibaly (38'), 1:2 Nuamah (50'), 1:3 Tolisso (53'), 1:4 Lacazette (73')

D'Gäscht sinn zwar fréi a Féierung gaangen a waren och déi spillbestëmmend Ekipp, ma et ass a béide Strofraim kaum geféierlech ginn. No 38 Minutten huet de Coulibaly de Ball no engem Aworf just nach missen iwwer d'Linn drécken, soudass et mam 1:1 an d'Kabinne gaangen. No der Paus huet Lyon sech effizient gewisen an de Match bannent 23 Minutte mat 3 Ofschlëss entscheet. Montpellier bleift domat Tabelleleschten, wärend Lyon op Plaz 6 klëmmt.

Lens - Strasbourg 0:2
0:1 Bakwa (81'), 0:2 Emegha (90+6')

La Liga

Espanyol - Athletic Club 1:1
1:0 Fernandez (62'), 1:1 Sancet (77')

No enger éischter Hallschent mat wéinegen Aktioune viru béide Goler konnt de Fernandez no enger Stonn vun engem Feeler vum Golkipp Simon profitéieren an d'Lokalekipp a Féierung bréngen. Déi huet awer net laang gehalen, well de Sancet op der anerer Säit no engem Corner egaliséiere konnt. D'Gäscht verpassen et domat, no de Gläichspiller vu Real an Atlético méi no un d'Spëtzt erunzeréckelen a bleiwe mat 6 Punkte Retard op de Leader op Plaz 4.

Real Valladolid - Sevilla 0:4
0:1 Juanlu (5'), 0:2 Romero (45+1'), 0:3 Juanlu (67'), 0:4 Lukébakio (84')