Bei den Damme geet den Titel iwwerdeems un d'Franziska Preuß.

Op der Biathlon-WM zu Lenzerheide an der Schwäiz gouf et op en Neits eng Victoire fir de Johannes Thingnes Bø. Bei senger leschter WM konnt den Norweger fir déi 3. Kéier um Stéck d'Poursuite gewannen, insgesamt ass et elo scho säin 22. WM-Titel. Trotz zwee Feeler huet hie sech um Enn mat enger Avance vun 8.6 Sekonnen op den US-Amerikaner Campbell Wright duerchgesat. Déi drëtt Plaz ass un den Eric Perrot aus Frankräich gaangen (+20.8 Sekonnen).

Bei den Damme konnt d'Franziska Preuß sech an der Poursuite iwwer 10 Kilometer behaapten. Am Géigesaz zu den anere Favoritinnen ass déi Däitsch ouni Feeler um Schéissstand bliwwen an huet sech sou mat 39.10 Sekonnen Avance zur Weltmeeschterin gekréint. D'Elvira Öberg aus Schweden an d'Justine Braisaz-Bouchet aus Frankräich hunn de Podium komplettéiert.

Am Schisprangen gouf et zu Sapporo a Japan eng zweet Heemvictoire fir de Ryoyu Kobayashi. Hie konnt sech knapp virun deenen zwee Norweger Marius Lindvik a Johann Andre Forfang behaapten.

An och bei den Damme gouf et zu Ljubno een zweeten Heemsuccès fir d'Slowenin Nika Prevc, déi hire Virsprong an der Gesamtwäertung domat weider ausbaut. D'Selina Freitag aus Däitschland huet et op Plaz 2 gepackt, komplettéiert gouf de Podium vun der Éisträicherin Lisa Eder.