De Weekend huet wuel esou munche Futtballfan sech gewonnert, datt kee Match vun der BGL Ligue live op Apart TV gestreamt gouf.

D'LFL an Apart TV hunn d'lescht Woch de Kontrakt nämlech allebéid "à l'amiable" opgeléist. Apart TV huet kee Sponsor fonnt, deen d'Produktioun vun de Matcher finanzéiert. Well och déi eege Ressourcen net duerginn, huet een decidéiert an der Réckronn net méi weiderzemaachen.

D'LFL sicht elo no engem neie Partner, fir nees gewësse Matcher vun der BGL Ligue live an a gudder Qualitéit kënnen ze weisen.

D'Plattform ass weiderhin online an do wäert een och weiderhi Matcher kucke kënnen, allerdéngs net an där Qualitéit. Dës Streame gi vun de Veräiner selwer produzéiert. D'Highlight-Matcher, déi vun Apart TV mat méi Kamerae produzéiert goufen, wäerten et hei allerdéngs net méi ginn.