En Donneschdeg den Owend sinn déi 8 Retourmatcher vun de Playoffs gespillt ginn, an deenen et ëm d'Qualifikatioun fir d'Aachtelsfinall gaangen ass.

Mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris als Kapitän huet Saint-Gilloise géint Ajax no Verlängerung mat 2:1 gewonnen, wat allerdéngs net duergaangen ass, fir den 0:2-Réckstand aus dem Allersmatch ze dréinen. Roum huet sech doheem mat 3:2 géint Porto duerchgesat an sech esou och fir d'Aachtelsfinall qualifizéiert.

An den anere Partien hu sech gréisstendeels d'Gewënner vum Allersmatch behaapt. Real Sociedad, Fenerbahce, Alkmaar a Bukarest sinn all souverän an déi nächst Ronn agezunn, wärend Bodø/Glimt a Viktoria Pilsen de Réckstand aus dem éischten Duell ophuelen a sech qualifizéiere konnten.

Ajax - Union Saint-Gilloise 1:2 (n.V.)
0:1 Mac Allister (16'), 0:2 David (28', Eelefmeter), 1:2 Taylor (93', Eelefmeter)

No der 0:2-Defaite am eegene Stadion hunn d'Belsch zu Amsterdam keng Zäit verluer a konnten no enger Véierelsstonn duerch e Kappball vum Mac Allister den éischte Gol schéissen. De Berghuis hat eng gutt Occasioun op déi direkt Äntwert, ma hien ass um staarke Moris hänke bliwwen. Kuerz drop huet de Klaassen op der Linn den zweete Gol vun de Gäscht mat der Hand verhënnert. Hie gouf vum Terrain gestallt an den David huet de fällegen Eelefmeter verwandelt.

Saint-Gilloise huet de Match an der Suite dominéiert, dobäi awer all d'Chancen op den drëtte Gol ongenotzt gelooss, soudass et an d'Verlängerung gaangen ass. Direkt am Ufank gouf et do nees en Eelefmeter wéinst Handspill, dës Kéier awer fir Ajax, an den Taylor huet vum Punkt verkierzt. D'Ekipp vum Anthony Moris huet nach bis zum Schluss gedréckt, ma den drëtte Gol sollt einfach net méi falen.

Roma - Porto 3:2
0:1 Samu (27'), 1:1 Dybala (35'), 2:1 Dybala (39'), 3:1 Pisilli (83'), 3:2 Rensch (90+6', Selbstgol)

No enger knapper hallwer Stonn huet de Samu d'Portugise mat engem schéine Fallrückzieher a Féierung bruecht. Déi sollt awer net laang halen, well den Dybala seng Qualitéit ënner Beweis stelle konnt an d'Partie nach virun der Paus mat zwee Goler gedréint huet. Nom Säitewiessel ass den Eustaquio bei de Visiteuren wéinst engem Schlag vum Terrain gestallt ginn, kuerz drop huet de Réimer Shomurodov d'Chance op d'Virentscheedung verginn. An Iwwerzuel huet Roum d'Partie bestëmmt, 20 Minutte viru Schluss huet de Samu bei der beschter Chance vu Porto just de Potto getraff. No engem schéin ausgespillten Ugrëff an der Schlussphas huet de Pisilli déi Réimer Qualifikatioun du kloer gemaach, den zweete Gol vu Porto koum ze spéit.

Déi komplett Resultater