Mat enger 2:1-Victoire doheem ka sech den Underdog aus Bielefeld géint de Favorit aus Bremen behaapten.

Sechs Minutten huet et gebraucht, fir den Dram vu Werder Bremen vun der Finall vum DFB-Pokal platzen ze loossen. An der 35. Minutt huet de Wörl mat engem Dramgol d'Bielefelder a Féierung bruecht an no 41 Minutten huet de Malatini säin eegene Golkipp bezwongen. Esou ass d'Arminia mat 2:0 an d'Paus gaangen.

Et huet bal eng Stonn gedauert, bis Bremen erëm do war. De Burke hat nämlech déi an dësem Fall wäiss-gréng nees bäibruecht. Den 2:1 huet d'Partie weider belieft an zu ganz spannende Schlussminutte gefouert. An der Nospillzäit huet Bremen nämlech just d'Lat getraff an de Gol vum Louis Oppie gouf vum VAR zeréckgeholl, well bei der Recuperatioun vum Ball e Feeler passéiert war. Esou bleift et no spannenden 90 Minutten, plus 10 Minutten Nospillzäit an der zweeter Hallschent, bei enger erkämpfter Victoire fir Bielefeld. Den Drëttligist steet domadder an der Halleffinall vum DFB-Pokal.