Am internationale Futtball war et e Freidegowend ënner anerem de 24. Spilldag an der däitscher Bundesliga an an der franséischer Ligue 1.

An der MHP-Arena zu Stuttgart hat de VfB den däitsche Rekordmeeschter an Tabelleleader Bayern München empfaangen. D'Schwabe konnten no enger gudder hallwer Stonn duerch e schéine Gol vum Angelo Stiller a Féierung goen, an d'Paus krut ee sech allerdéngs mat dësem Resultat net gerett. Kuerz virum Gank an d'Kabinn huet de Michael Olise fir d'Bayern ausgeglach. No der Paus war fir Stuttgart d'Loft eraus, an der 64. Minutt huet de Leon Goretzka den 2:1 fir d'Bayern gemaach, de Kingsley Coman konnt kuerz viru Schluss op 3:1 erhéijen. D'Bayern kënnen hiren Ofstand an der Tabell zum Verfolger Leverkusen ëm 11 Punkten ausbauen, d'Werkself muss e Samschdegowend géint Frankfurt run.

A Frankräich stounge sech den AS Monaco a Stade Reims géigeniwwer. D'Monegasse hunn allerdéngs duerch dräi Goler vum Mika Biereth näischt ubrenne gelooss a souverän mat 3:0 gewonnen. De Champion an Tabelleleader PSG spillt e Samschdegowend géint den LOSC vu Lille.